Search

You may also like

money
Huet d‘Kierch déi Äermst beduckst?
Kultur Neiegkeeten

Huet d‘Kierch déi Äermst beduckst?

Wien sech – grad zu dëser Joreszäit – besënnt an

Pyongyang setzt d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft
Kultur Neiegkeeten

Pyongyang setzt d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft

Nordkorea, dat Land an deem et offiziell nach ëmmer kee

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?
Kultur Neiegkeeten

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

An der Nuecht op Nationalfeierdag ass den Här Tun Tonnar

Wandfestival zu Texel: De fléiende Spektakel op der oranger Insel

Um Weekend vum 5. a 6. Oktober huet déi beléift hollännesch Insel Texel mat sengem Wandfestival Kleng a Grouss op de Strand gelackelt. Bei der Editioun 2019 goufe riseg a kreativ Draachen an alle Faarwen a Formen an den Himmel geschéckt an am Wand danze gelooss.

Wärend zwee Deeg huet de Wandfestival mat senger pittoresker Aussicht d’Visiteuren tëscht de Paal 19 an 21 gezunn. Mam waarme Spéitsummer sinn d’Leit besonnesch gären een Ament méi laang um Strand bliwwe fir sech déi riseg Bieren, Geeschter an aner schéi Gestalten an der Loft unzekucken. „Wien hätt geduecht, datt de Festival esou erfollegräich wäert sinn? Wat fir ee wonnerbart Gefill“, erkläert den Morten Eschweiler vun der Organisatioun begeeschtert.

Wéi de Chris Dobber vun der Organisatiounsekipp an engem Interview mat NH Nieuws matgedeelt huet, wier et ëmmer schwéier am viraus Previsioune vum Wand ze ginn. Un dësem Weekend hätt een e bësse mat de Konditiounen ze kämpfen. D’Piloten haten, mam wéinege Wand, all Méi déi riseg Draachen an d’Loft ze kréien a se uewen ze halen.

Glécklecherweis konnten all Gestalten hire Wee an den Himmel fannen. De Steffan Versteeg, dee selwer mat senger Krak um Wandfestival deelgeholl huet, sot, datt spéider vill Kreaturen an d’Waasser gefall wieren. Wärend enger Stonn huet ee probéiert d’Draachen nees ze dréchnen a se zeréck an d’Loft ze schécken.

Dat generellt Zil war et Leit an d’Géigend an un de Strand ze zéien an esou d’Schéinheet vun den hollännesche Plagen ze erliewen. Bei dëser Editioun huet een dann och eng éischte Kéier probéiert, eng Aart Synchron-Fléien ze presentéieren, wat natierlech och mat Training verbonne war.

Mir si gespaant op dat nächst Joer a wënsche vill Wand!

Related topics Draachen, Holland, Strand, Texel, Thermik, Wand, Windfestival
Next post Previous post