Search

You may also like

Weltdag vum Aarteschutz: D’Diversitéit vun eisem Planéit erhalen
Kultur

Weltdag vum Aarteschutz: D’Diversitéit vun eisem Planéit erhalen

Méi wéi 32.000 Déieren- a Planzenaarten stinn op der Rouder

Expo an CFL-Wagon: Gedenken un d’Lëtzebuerger Jonge vun Tambow
Kultur

Expo an CFL-Wagon: Gedenken un d’Lëtzebuerger Jonge vun Tambow

De 5. November 2020 sinn et genau 75 Joer, dass

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo
Kultur

D’Team Lëtzebuerg zu Sarajewo

Um vergaangene Sonndeg huet d’Erëffnungszeremonie vum Olympesche Festival vun der

Winter Lights: A wann dach nëmme Chrëschtdag wier

Winter Lights: A wann dach nëmme Chrëschtdag wier

Vum 22. November bis zum 7. Januar feiert d‘Stad Lëtzebuerg Chrëschtdag an dat ass net einfach emol esou dohinner gesot. Bei der Presentatioun vu Winter Lights huet d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer dann och dierfe bestätegen: „Mir kommen esou lues a Feierdagsstëmmung“.

Et muss ee sech dann och agestoen, datt de Programm vun 2017 sech weise ka loossen. Nach e Krack méi opwenneg wéi 2016 an der Berécksiichtegung vun internationale Standarden, esou kann e sech senge Gäscht aus dem In- an Ausland weisen. D‘Stad Lëtzebuerg huet sech jiddefalls gutt op d‘Adventszäit an d‘Feierdeeg virbereet.

Chrëschtmäert op véier Plazen (Plëss, Knuedler, Gëlle Fra a Paräisser-Plaz) an alle Stroossen Beliichtung an Animatioun, dozou e kulturelle Programm dee wierklech Loscht ka maachen deen een oder aneren Owend an d‘Stad ze kommen, oder do ze bleiwen.

Fir all Mënsch eppes derbäi

Während sech d‘Servicer vill Méi ginn hunn alles uerdentlech an zäitno fäerdegzestellen, an och iwwert déi ganz Zäit wäerten uecht dinn, datt alles gutt funktionéiert, huet sech den LCTO mee och d‘Theateren an d‘Kulturhaiser aus der Stad dru gedoen ee fantastesche Programm ze gestalten.

Et ass esou eng lass, datt et net méiglech ass hei op de Programm am Detail anzegoen. E bësse Vertrauen ass gutt, sech den Detail op www.winterlights.lu ukucken ass besser. Dat engt oder anert awer kenne mer iech net virenthalen, wéi beispillsweis d‘Lieshaische bei der Gëlle Fra (28.11. bis 5.12. Info a Programm op www.ewb.lu)

Bleiwe mer nach bei de Kanner am Chalet beim Cercle Cité. Verschidden Ateliere ginn hei ugebueden a sech umellen ass Flicht (kec@vdl.lu / Tel 4796-2222) de Programm ass op www.capel.lu anzegesinn. D‘Äispist um Knuedler ass eppes méi grouss ginn, an Animatioun gëtt et och (www.knuedleronice.lu).

Fir grouss a kleng: de „Light Festival“ deen dann elo schonn a seng drëtt Editioun geet.(www.luxembourglightfestival.lu) natierlech mat dräi gefouert Rondgäng (15, 16 a 17. Dezember) fir déi ee sech beim LCTO muss umellen an och eppes Kaschten.

Kultur ouni Enn

Fir alles wat Concerten ass, do kuckt een am beschten op www.lcto.lu eran an och an der Villa Vauban ass eng weider lass (www.villavauban.lu). Fir déi vill flott Veranstaltungen an den Theatere sollt ee sech op www.lestheatres.lu an www.rotondes.lu ëmkucken. Och an de Muséeën ass Chrëschtdagsstëmmung ugesot, wat hei leeft steet op www.citymuseum.lu.

D‘Geschäfter hu bal Sonndeg op (www.cityshopping.lu) an et fueren och vill gratis Busser (www.busgratuits.vdl.lu) uechter d‘Stad. Iwwerhaapt ass ee gutt beroden iwwert déi Deeg den ëffentlechen Transport ze notzen. Awer opgepasst, op Hellegowend (24.12. ab 20 Auer bis 25.12. 8 Auer) an Silvester (www.sylvestre.vdl.lu) fueren se net, méi heizou op www.reseau.vdl.lu.

A weideren Editioune wäerte mer wuel nach op dat eent oder anert Event zréckkommen, bis dohinner huet dir hei all Lienen déi zu deenen Detailer féieren déi iech kéinten interesséieren.

Related topics Chrëschtdag, LCTO, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post