Search

You may also like

Britten dreiwen d‘EU un de Rand vum Wahnsinn
Meenung Neiegkeeten

Britten dreiwen d‘EU un de Rand vum Wahnsinn

De Boris „King of the World“ Johnson hat Bréissel en

Solidaritéit!
Meenung Neiegkeeten

Solidaritéit!

Virum Hannergrond vum Protestpiquet géint d‘Luxair-Spuermoossname virum „Héichhaus“ op der

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
Meenung Neiegkeeten

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Ob eleng, zou zweet oder mat Kanner, de Coronavirus Covid19,

Editorial: Gitt iech endlech eens!

Editorial: Gitt iech endlech eens!

Wann ee kann akzeptéieren an esou och Versteesdemech dofir huet, datt villes wéinst dem houere Covid19 aus dem Rudder leeft an ee guer net esou séier op alles reagéiere kann, wéi et engem op d‘Féiss fält, esou dierf de Bierger vun der Regierung erwaarden, dat dës mat Wäitsiicht a virun allem „proaktiv“ mat dëser net endege wëllend sanitärer Kris ëmgoe sollt. A grad do klemmt et elo.

Virun der Schoulvakanz zu Allerhellegen, hate Gewerkschaften a Studentevertriedungen op déi jo scho besonnesch Situatioun am Enseignement higewisen. Vum Schoultransport iwwert de Schutz an den Etablissementer, vun der Crèche iwwert de Fondamental bis hinn an den héije Secondaire, et gouf dës Kéier näischt ausgelooss. Op kloer Äntwerte vum Minister gëtt och nach ëmmer gewaart.

Woubäi deen huet et elo net grad einfach, an alles um Réck vum Claude Meisch wëllen auszedroen, ass net gutt fir den dréngend benéidegten Zesummenhalt an der Gesellschaft. An esou ass et net den Educatiounsminister, deen am Fall wou eng Schoul e Kand wéinst Verdacht op „Erkrankung“ heem schéckt, sech fir ee spezielle Congé aus familiäre Grënn – wéi am Fréijoer – anzesetzen huet.

An esou stinn d‘Eltere mat Kanner schei blöd do, wa wéi am Fall vun der Crèche „Patatina“ zu Steebrécken, engem an enger e-Mail notifiéiert gëtt, datt een ënnert gewëssen Unzeechen (Houscht, Duerchfall, gréngem oder gielen Nuesschläim an/oder Féiwer – wéi bei allen aneren ustiechende Krankheeten) seng Kanner gefällegst doheem ze hidden hätt. Da kéint ee scho ganz zou maachen…

Gutt, et huet wéi ëmmer Ausnamen an dëser Joreszäit, ass et éischter gemeng, datt eis Krapperten a Knetzelen de Schnuddeler an den Houscht oder der Däiwel soss eppes hunn. Dank der gudder Entwécklung vun der Medezin iwwert dat lescht Joerhonnert ewech, streng geholl näischt wat een sollt opreegen. Mee elo ass do de Covid19, e Virus deen am grousse Ganzen d‘Butze verschount.

Richteg: e Kand dat Covid19-Positiv ass, sollt een net zwéngend an d‘Schoul, schécken, mee grad dat awer ass den Ament vum Educatiounsministère verlaangt, woubäi och d‘Direktioune vun den Etablissementer solle kënnen e Wuert matschwätzen. Bei de Crèchen, déi meescht op Agreement schaffen, also privat Betriber sinn, gëtt elo zortéiert. An dat wuel och aus verständleche Grënn.

Wann d‘Kanner d‘Infektiounen (dat zumindest ass nach ëmmer de leschte wëssenschaftleche Stand) besser verschaffe wéi Senioren, esou sinn se net manner ustiechend an als Patron muss eng Crèche och dat eegent Personal schützen. Wann een deem zousprécht, muss awer och séchergestallt ginn, datt zumindest de Congé aus familiäre Grënn dann nees kann applizéiert ginn. Soss ass et Quatsch.

Illustratioun: © Krakenimages / unsplash

Related topics Congé aus familiäre Grënn, Covid19, Crèche, Educatiounsminister, Enseignement, Quarantaine, Schoul
Next post Previous post