Wann de vollen Tank zum Luxus gëtt

Hate mir soss, am Verglach zu aneren europäesche Länner attraktiv Kraaftstoffpräisser, déi och den Tanktourismus ugedriwwen hunn, esou erlieft Lëtzebuerg grad eng Präisexplosioun un der Zapsail. Laut Eurostat huet de Groussherzogtum mat enger Hausse vun 31 % déi héchste Präiserhéijung an Europa erlieft. An Däitschland gouf et ënnerhalb vun engem Joer eng Hausse vu 27 %, an der Belsch 18 %, a Frankräich 17 %.

Net nëmmen de Bierger an dem Konsumenteschutz geet de kale Schweess aus, wann een nëmmen drun denkt, wéi vill Suen ee fir e vollen Tank op den Dësch leeën muss. Och de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) riicht sech un d‘Regierung a fuerdert eng bezuelbar Mobilitéit fir jiddereen. Esou sollten am Beschte scho gëschter fir Privatpersounen a Professioneller nei Hëllefen zur Verfügung gestallt an d‘Kraaftstoffpräisser gedrosselt gi sinn.

Spritpräisser
Eurostat / Twitter

Dës Ënnerstëtzung soll un all Automobilist goen, dee keng aner Méiglechkeet huet sech anescht fortzebeweegen. Schliisslech muss jiddereen nach op d‘Aarbecht fuere kënnen.

Heizou huet den ACL elo seng eege Rechnungen opgestallt an dobäi d‘Präisser un der Pompel vum Ufank vum Joer bis den 28. Oktober 2021 observéiert. Huet e Liter Diesel lescht Joer nach 1,047 € kascht, esou läit dësen elo bei 1,418 € (+35,43 %). De 95er ass vun 1,129 € op 1,502 € geklommen (+33,04 %), den 98er vun 1,194 € op 1,565 € (+31,07 %).

Hëlt een d‘Beispill vun engem Automobilist, deen am Joer 20.000 km fiert an dobäi ëm 6 Liter Diesel op 100 km verbraucht, esou muss dës Persoun an dësem Joer insgesamt 1.701 € fir d‘Fëllung vum Tank bezuelen, amplaz vun 1.256 € am leschte Joer. Bei engem Bensinner, dee 7 Liter op 100 km verbraucht, muss de Chauffeur 522 € méi bezuelen (vun 1.580 € op 2.102 €).

Spritpräisser
Rechnung vum ACL

Dobäi kënnt dann nach de Manktem un „AdBlue“, wouduerch och do d‘Präisser an d‘Luucht geschoss sinn. Fir verschidden Automobilisten, an natierlech d‘Camionschauffeur kommen domat weider Käschten op.

Zum engen ass et d‘Kris um Petrolsmaart, zum aneren ass et d‘CO2-Tax, déi vun engem Moment op den aneren d‘Spritpräisser explodéiere gelooss hunn. D‘Regierung gesäit weider Steiererhéijune vir.

Den ACL betount, datt doduerch net nëmmen de Portmonnie méi schnell eidel gëtt, mee och d‘Ongläichheeten tëscht de Bierger klammen. Déi individuell Mobilitéit muss fir jiddereen bezuelbar bleiwen.

Dernières nouvelles