Wann d‘Taliban bestëmme wat gesent gëtt

Am Afghanistan muss sech den TV-Inhalt Gottes-Gesetz ënnerwerfen

Well d‘Taliban nach net matkritt hunn, datt den Internet d‘Televisioun längst ofgeléist huet, et awer net verkéiert ass, kritesch mat deem wat et nach huet ëmzegoen, hunn déi Leader an der nach ganz jonker a net wierklech unerkannter Islamescher Republik Afghanistan, wou fir „gutt Manéieren an eng moralesch awandfräi Medielandschaft suerge mussen, elo eng weeweisend Decisioun geholl.

An esou heescht et aus dem Ministère zur Fërderung vun der Dugend an der Verhiddung vun der Amoral: „D‘Ausstrale vun heemeschen an/oder auslännesche Filmer, déi friem Kulturen an Traditiounen an der afghanescher Gesellschaft verbreeden, an esou zur Verwaarlosung vun de Sitte bäidroen, musse gestoppt ginn. Et soll och kee méi dierfen an iergendenger Form beleidegt ginn“.

Dës Uweisung ass esou dann och schrëftlech un d‘Televisiounssender an d‘Provider erausgaangen. An dëser Notiz, déi eise Kolleeg vun indymedia Tel Aviv am original virläit, gëtt den TV-Sender zudeem verbuede Filmer ze weisen an deene Fraen „eng Roll“ Spillen oder an iergendenger Form der Sharia an/oder afghanesche Wäerter (gemengt ass dat wat d‘Taliban virginn) widderspriechen.

Als Ausléiser vun dësem strikt reliéis motivéierte Schratt – deen duerchaus ee letalen Impakt huet – gëtt en Debat op der Tëlee genannt, an deem e Professer d‘Regierung vun der Islamescher Republik Afghanistan kritiséiert huet. De Faisullah Dschalal, en afghanesche „Lektor“ deen als Koryphee fir Rechts- a Politikwëssenschaften duergestallt gëtt, hat sech op ToloNews, eppes am Toun vergraff.

De frëndlechen Intellektuellen huet zur Primetime um Samschdeg (dat ass fir d‘Afghanen dat wat eis de Sonndeg ass) ee Spriecher vun den Taliban als „Kallef“ bezeechent. Esou eng Ausso wier wuel och scho bei eis eppes Grenzwäerteg, woubäi eis Pressespriecher lafe jo weder mam Klabes duerch d‘Géigend nach vertrieden se eng radikalreliéis Positioun. Zumindest nach net ëffentlech…

Systematesch Verblödung a seng Folgen

Elo ass den intellektuellen Niveau an der Islamescher Republik Afghanistan dank der Besatzung an engem änlech gudden Zoustand wéi d‘Landwirtschaft, firwat d‘Taliban sech Begrëffer bedéngen déi allen Afghane och wären der fir d‘éischt russescher an uschléissend US-Europäescher Besatzung ni wierklech abhande komm sinn. Dat wierkt sech dann och op de Choix vun der Ënnerhalung aus.

Fir déi Afghanen déi eng Tëlee, oder zumindest Accès zu enger hunn, gehéieren d‘Seefenoperen zum beschte wat déi véiereckeg Këscht ze bidden huet. Ganz héich am Kurs si besonnesch déi tierkesch, indesch an iranesch „kulturell Offallprodukter“. Ënnert der Besatzung hate d‘Afghanen dann och Zougang zu amerikaneschen en europäesche Produkter vu gläich schlechter Qualitéit.

Och Satir haten d‘Besatzer den ënnerwërfegen Afghanen zum beschte ginn, an déi hunn dat richteg appreciéiert. All Woch goufen d‘Sendungen an deenen de vun den USA bestëmmte Regierungschef Ashraf Ghani, korrupt Beamten an Offizéier op d‘Schëpp geholl goufen, massiv verfollegt. Elo ass de Regierungschef Gott, d‘Beamte sinn Helleger an d‘Offizéier schützen d‘Recht an d‘Moral.

Alles wat et bis ewell ginn huet, muss also nei geduecht ginn. De System bekämpfe geet esou wuel net, et sief et ass ee suizidär oder et huet een realistesch Aussiichten op Asyl. Dat heescht dann awer och net, datt d‘Frae ganz vum Schierm verschwanne sollen. Moderatorinnen a Reporterinne soll et och weider ginn, dofir gëllt eng streng Kleederuerdnung an net all Thema dierf „Fra“ uschwätzen.

Et wier awer elo falsch unzehuelen, datt se am Vatikan dës Decisiounen, déi sech déi kathoulesch Kierch – bezunn op d‘Dugend a Moral – jo selwer fir eis Medie wënscht, géif begréissen. Et ass allerdéngs grad esou falsch unzehuelen, datt et ausser enger bäileefeger Remark zur Fräiheet vun der Informatioun, vill Kritik vun eisen héije politesche Verbriecher, pardon Vertrieder, wäert hunn.

mat indymedia/tlv

Dernières nouvelles