Search

You may also like

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?
Neiegkeeten

Vatikan: en 21-Punkte-Plang géint de Mëssbrauch?

21 Punkte fir véier „Themeberäicher“ sollen am Kontext vun der

surprise
Iwwerfall op d‘Bijouterie Philippe II: De Fall ass geléist!
Neiegkeeten

Iwwerfall op d‘Bijouterie Philippe II: De Fall ass geléist!

D‘véier Brigangen déi um Dënschdeg an der Stad eng Bijouterie

Dyspraxie, een onbekannt Leiden
Neiegkeeten

Dyspraxie, een onbekannt Leiden

Vill Kanner sinn tollpatscheg, ma dat ass awer net ëmmer

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen

Fënnef Entreprise mam „Lëtzebuerger Präis fir d‘Qualitéit an d‘Exzellenz 2018“ ausgezeechent

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen

E Freideg huet op der Handelskummer zu Lëtzebuerg déi traditionell Gala-Soirée stattfonnt, bei där de „Lëtzebuerger Präis fir d‘Qualitéit an d‘Exzellenz“ decernéiert ginn ass. Véier Präisser waren hei ze verginn: de Lëtzebuerger Bronze-, Sëlwer- a Goldpräis, esou wéi der Exzellenz-Präis.

Iwwer 200 Invitéeën an Éieregäscht, hunn un dësem erfreelechen Event deel geholl. D‘Zertifikater an d‘Trophäën, déi vum Wirtschaftsministère – vertrueden duerch den Tom Theves – decernéiert ginn, goufe vun de Partner vum „Mouvement luxembourgeois pour la Qualité et l‘Excellence“ iwwerreecht. Dat sinn d‘Handelskummer, Goodyear S.A., POST Luxembourg, Caves Bernard-Massard a Muller & Wegener Sàrl.

Ganz erfreelech ass ze notéieren, datt och bei der Editioun vun dësem Joer, vill Organismen an Entreprisen aus alle Secteuren un dësem eenzegaartege Concours deel geholl hunn. Elo huet et allerdéngs nëmme „Plaz“ fir fënnef Laureaten. Dees sinn sech d‘Participante bewosst, an dat huet dësem flotten Event och net geschuet. Jiddereen huet deem aneren de Präis vergënnt, an den Owend sollt jo och genotzt ginn, fir säin Netzwierk auszebauen.

No enger Begréissungsried vum Generaldirekter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, enger Introduktioun duerch den MLQE-President, Dokter Marc Graas, an enger Usprooch vum Carlo Theves, sinn déi verschidde Präisser iwwerreecht ginn.

… „and the winner is“

ass

Vill Invitéeën an eng Partie Éieregäscht, haten sech de 16. November an der Handelskummer zesummefonnt, fir beim „Lëtzebuerger Präis fir d‘Qualitéit an d‘Exzellenz 2018“ derbäi ze sinn. © MLQE

Selektionéiert goufen d‘Laureaten op Basis vun hire positive Resultater an der kontinuéierlecher Verbesserung. Déi houfreg Gewënner sinn:

De Studentepräis, datt ass de „le coup de coeur du MLQE“, geet 2018 un d‘Morgane Bassan. Déi jonk Damm studéiert um „Institut National des Sciences Appliquées“ (INSA) an gëtt ausgezeechent fir säi Projet: „Implementéierung vun engem Ëmwelt-Management an e Qualitéit-Management“. Iwwerreecht huet dëse Präis de Philippe Moirot, Direkter vun Autopolis-Nord S.A. (De Präis selwer ass vun der Autopolis S.A. gesponsert ginn)

Wat et bréngt…

Den „Lëtzebuerger Präis fir d‘Qualitéit an d‘Exzellenz“ ass e Vertrauensbeweis fir d‘Laureaten, an eng Unerkennung vun hirer Leeschtung. Zudeem dierf behaapt ginn, datt dës Belounung och fir eng gutt Bekanntheet bei der Clientèle an de Partner suergt.

Zanter sengen Ufäng am Joer 2004, huet sech déi offiziell Präisiwwerreechung entwéckelt, an ass esou zu engem Uert vun der Begéinung an dem Echange ginn. Hei treffen sech all déi, wou sech der Qualitéit an der kontinuéierlecher Verbesserung vun de Prozesser, den Déngschtleeschtungen, de Produiten an, natierlech, der Satisfaktioun vun hire Cliente verschriwwen hunn.

Foto: De 16. November, goufen op der Handelskummer zu Lëtzebuerg, fënnef Entreprise mam „Lëtzebuerger Präis fir d‘Qualitéit an d‘Exzellenz 2018“ ausgezeechent. © MLQE

Related topics Auszeechnung, Handelskummer, MLQE, Wirtschaftsministère
Next post Previous post