Search

You may also like

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie
Neiegkeeten

LCGB: de rabiaten Ëmgang mat der Sozialdemokratie

Et war eng kuerz awer hefteg Veranstaltung déi den LCGB

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!
Neiegkeeten

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!

Et war nach roueg um Mëttwoch de Moien zu Réimech

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns
Neiegkeeten

5 Bicher, déi s de zu Halloween liese kanns

Halloween steet virun der Dier. An domatter eng ganz speziell

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen

Wann eppes gutt ass gëtt et bäibehalen

D‘Stroossebauverwaltung huet beschloss d‘Vitessereguléierung op den Autobunnen „A6“ an „A1“ ab dem 6. Januar weiderzeféieren. Si bleift also während de Spëtzestonne weiderhi bei 90 Km/h.

Ugesiichts der positiver Experienz vun der Vitesse-Modulatioun, déi op den Autobunnen „A6“ an „A1“ den 3. Juni 2019 agefouert ginn ass, a während op eng detailléiert Evaluatioun vun de Resultater gewaart gëtt, déi sech aus der Testphas erginn, huet d‘Stroossebauverwaltung entscheet, dës Mesure ab Méindeg dem 6. Januar 2020 weiderzeféieren.

Den éischte Bilan vun der kuerzer Testphas huet sech als ganz encourageant duergestallt: de Verkéiersfloss ass méi homogen ginn an de Spurwiessel, wéi och déi brüsk Bremsmanöver hunn ofgeholl. Dat huet zur Konsequenz, datt den Trafic generell vill méi flësseg ginn ass. D‘Reeszäit an de Risk vun Accidenter hunn ofgeholl.

Matgedeelt vun der Stroossebauverwaltung, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser.

Bild: Gerald Friedrich / Pixabay

Related topics Autobunn A1, Autobunn A6, Stroossebauverwaltung, Vitesse-Limitatioun
Next post Previous post