Search

You may also like

SEW/OGBL, Studenten a Stagiairen: D’Fuerderunge ginn endlech erfëllt!
Neiegkeeten

SEW/OGBL, Studenten a Stagiairen: D’Fuerderunge ginn endlech erfëllt!

Schonn 2014 hat den OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) vun

Bréissel observéiert den Infektioun-Hotspot Tönnies
Neiegkeeten

Bréissel observéiert den Infektioun-Hotspot Tönnies

Déi gréng Europadeputéiert Sarah Wiener – déi Abseits de Politik

Premierminister net infizéiert
Neiegkeeten

Premierminister net infizéiert

Nodeems sech de Premierminister Xavier Bettel gëschter an Auto-Quarantaine gesat

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen

D‘Wanteraktioun, déi zanter 2001 eng fest Plaz als humanitär Aktioun zu Lëtzebuerg erhalen huet, gëtt vum Familljeministère am Partenariat mat de „sozialen Acteuren“ koordinéiert. Zil vun der Wanteraktioun ass et, ze verhënneren, datt Mënschen ouni Dach iwwert dem Kapp, bei grousser Keelt net op der Strooss erfréieren.

Un der Wanteraktioun 2017/18 hat de Familljeministère d‘Rout Kräiz, Caritas an „Inter-Actions“ bedeelegt. Déi hunn dräi nei Servicer ugebueden: de „Premier Appel“ dee vun Inter-Actions geleet ginn ass, an zwee Refuge zur Iwwernuechtung, déi vum Roude Kräiz, respektiv de Caritas, geréiert gi sinn.

Wat d‘Organisatioun am grousse ganze betrëfft, esou huet déi sech an der Kontinuitéit vun de viregten Aktiounen ageschriwwen. Um Mëttwoch ass de Bilan vun der Wanteraktioun 2017/18 virgeluecht ginn, an dat éischt wat engem opfält, d‘Demande fir eng Plaz am Nuetsfoyer huet zougeholl (+5,4%), beim Dagesfoyer waren d‘Zuele réckleefeg (-8,8%).

E puer Detailer…

Am Foyer Abrisud huet d‘Opnam mat 53 Persounen däitlech ënnert de Niveau vun 2015/16 geleeën. Géintiwwer der Wanteraktioun 2016/17 si 15 Iwwernuechtunge méi verzeechent ginn.

D‘Wanteraktioun 2017/18 ass géintiwwer dem Virjoer ëm 767 Iwwernuechtunge geklommen. Dat entsprécht enger Moyenne vun 6,4 Iwwernuechtunge pro Dag. De gréissten Undrang fir eng Schlofplaz ze erhalen, hat et den 11. Februar ginn, wou 170 Iwwernuechtunge comptabiliséiert goufen.

Bei den Dagesfoyere sinn Zuele generell réckleefeg am verglach zum leschte Joer. Géintiwwer der Editioun 2016/17 si ronn 1.850 Mëttegiesse manner verdeelt ginn. Déi gréissten Iessensausgab war den 18. Februar (218 Iessen) verzeechent ginn.

… a vill Statistik

Festgestallt gëtt och, datt erhieflech méi Männer (93,4%) wéi Fraen den Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun beusprocht hunn. Am Foyer Abrisud huet den Taux bei 81,8% geleeën. 64% vun de Demandeure kommen aus der EU, 29,5% aus engem net EU-Land, a 6,5% ware Lëtzebuerger.

Wat den Alter vun den Demandeuren ugeet, esou waren 11,3% vun der Leit am Alter tëscht 16 a 25 Joer; 59,4% am Alter tëscht 26 a 45 Joer; 27,1% am Alter tëscht 46 a 65 Joer. D‘Senioren iwwer 65 hunn 1,9% ausgemaach. Am Nuetsfoyer hunn déi Mannerjäreg, déi vu wéinstens engem Elterendeel begleet gi sinn 0,3% ausgamaach.

Dat gëllt och fir den Dagesfoyer: Mat 92,9% stellen d‘Männer d‘Majoritéit vun den Demandeuren. 56% vun der Persounen déi de Service genotzt hunn, waren EU-Bierger, 32,8% kommen net aus der EU. „Nëmmen“ 11,2% vun den Demandeure ware Lëtzebuerger.

Zum Alter vun den Demandeuren am Dagesfoyer: 9,9% sinn tëscht 16 a 25 Joer al gewiescht; 60,2% waren tëscht 26 a 45 Joer al; 28% tëscht 46 a 65 Joer an 1,6% waren iwwer 65 al. Den Taux vu de Mannerjäregen (0-15 Joer) huet bei 0,2 geleeën, an déi waren dann och a Begleedung vu wéinstens engem Elterendeel.

Related topics Caritas, Familljeministère, Rout Kräiz, Wanteraktioun
Next post Previous post