Search

You may also like

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas
Neiegkeeten

Venezuela: Dissident Juan Guaido wëll zréck op Caracas

De Juan Guaido, selwer ernannten „Interimspresident“ vu Venezuela huet seng

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg

Och am Kontext vun engem Partenariat mat dem demokrateschste vun

Loscht op e gutt Buch?
Neiegkeeten

Loscht op e gutt Buch?

De Wanter steet net méi virun, mee iergendwéi scho matten

Wanteraktioun: … op der Sich no Fräiwëllegen

Wanteraktioun: … op der Sich no Fräiwëllegen

Den 1. Dezember gëtt nees d‘Wanteraktioun vum Familljeministère gestart, dat fir den äermsten a vulnerabelsten zur Hëllef ze kommen, besonnesch elo wou et nees batter kal dobausse gëtt. Mat der Wanteraktioun kréien d‘Strummerte vun der Caritas e Bett fir d‘Nuecht a vum Roude Kräiz en Dagesfoyer ugebueden. Hei gëtt et och e waarmt iessen an e Gespréich ass och méiglech.

Elo kann d‘Rout Kräiz seng Dagesfoyer awer nëmme mat Fräiwëllege bedreiwen. Hir Missioun: de Leit d‘Iessen zerwéieren, d‘Dëscher ofraumen an ofmaachen. Kléngt wéineg attraktiv, ass awer vu grousser Bedeitung. Déi Fräiwëlleg si complementaire zum Personal a fundamental fir de gudde Fonctionnement an d‘Organisatioun vum Dagesfoyer. Zudeem droen si zur gudder Stëmmung bäi.

Wien sech dann elo denkt, datt dat eng sënnvoll Beschäftegung ass an souwisou nach eppes Fräizäit onbenotzt ass, dee ka sech beim Roude Kräiz mellen. E Formulaire kann all interesséiert Persoun um Internetsite de vum Roude Kräiz eroflueden, ausdrécken, ausfëllen, scannen an da per e-Mail un wak@croix-rouge.lu, oder per Post un WAK2020, Postkëscht 404, L-2014 Lëtzebuerg, schécken.

Foto: © Rout Kräiz Lëtzebuerg

Related topics Benevolat, Caritas, Familljeministère, Rout Kräiz, Wanteraktioun
Next post Previous post