Search

You may also like

dislike
Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren
Neiegkeeten Stories

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

money
Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne
Neiegkeeten Stories

Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne

Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër
Neiegkeeten Stories

IVV-Lëtzebuerg geet nei Weeër

D’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun FLMP passt sech den neien Erausfuerderungen un a

Wantersport-Brennpunkt Wäisswampech

Endlech ass de Schnéi do an de Baron léist wëssen datt ee bereet ass d‘Aktivitéiten ze lancéieren

Wantersport-Brennpunkt Wäisswampech

Fir de Baron vu Wäisswampech, ass gëtt et héich Zäit nees eppes positiv Schlagzeilen ze maachen, nodeems hie wéinst senger „besonnescher Bezéiung“ zu den Hannermänner vum „Suneo Park“ an d‘Kritik engersäits, an de Fokus vun de Justiz anersäits geroden ass.

Och Kontext vun der Covid19-Pandemie, war et dem liberale Buergermeeschter aus dem héijen Norden net ganz gelongen d‘Gemidder ze berouegen. Den Henri Rinnen ass nu emol den Haushär an d‘Gesetz an enger Persoun, firwat et esou séier kee Fridde mat der Biergerinitiativ wäert kënne ginn. Ëm esou méi wichteg, datt d‘Wantersportsaison zu Lëtzebuerg kann organiséiert ginn.

Wäisswampech ass jo weltwäit bekannt fir dat immenst Naturschauspill, datt Schilaangleefer dank dem Asaz vun internationalen Experten, op de Loipen entdecke kann. Wéinst de strammen an deels onverständleche Restriktiounen, déi eng sozialistesch Ministesch dem Baron operluecht huet, konnt een déi, fir den Tourismussecteur essentiell Wantersportsaison nach net ophuelen. An dat geet net.

Woubäi et elo och net grad esou wier, wéi wann iwwert déi lescht Wochen, besonnesch iwwert d‘Feierdeeg an d‘Chrëschtvakanz, Meter héich Schnéi geleeën hätt. Et sollt ee sech – Klimawandel oblige – och net zwéngend drop astellen, datt dee wou an de leschten Deeg gefall ass, bis Päischte leie bleift. Anersäits ass et richteg, datt et ëmmer gutt ass emol eng Autorisatioun unzefroen.

Reegelen si wichteg

Elo ass awer dës Demande un déi vu Sozialiste besate Ministèren (Dan Kersch – Sportsministère a Paulette Lenert – Gesondheetsministère) nach net formuléiert ginn, wat den Androck erwächt, den Henri Rinnen kéint dat am Gemengerot zur Diskussioun stellen. Dat wier nei, ass awer eng vun de Improbabelitéiten déi een am kommunalpolitesche Kontext, ni wierklech ausschléisse kann.

Mee net nëmmen d‘Ministeren hunn et an der Hand, op een zu Wäisswampech ausser Schlitt fueren och nach aner Wantersportaktivitéite bedreiwe kann. D‘Meteo ass a gewësser Form esou eppes wéi de „Schlichter“ an den Ament schéngt si dem Baron mam eppes ustrengende Charakter dann och d‘Stir ze bidden. Et misst schonn eppes länger Buedemfrascht hunn, fir d‘Loipen zéien ze kënnen.

Fir den Ament sinn d‘Temperaturen net passend, de Schnéi wëll sech net halen, firwat dann nees de Buedem ze naass ass, wat d‘Pisten opweecht. An op Bulli mécht Schilaanglaf net wierklech Laun. Fir den Ament ass et also och mat enger Autorisatioun, dem Opstelle vu strikte Reegelen, an dem Respekt vun allen Oplagen net gedoen. Hei brauch et och d‘Hëllef vu ganz, ganz Uewen…

Emol kucken an analyséieren

Den Ament awer huet déi ganz Kommunikatioun eppes vu Marketing, wat dann och net sollt als Virworf verstane ginn, schliisslech gëtt et genuch Amateuren, déi et net erwaarde kënnen hir Brieder an d‘Loipen ze stellen. Woubäi nees vill Opwand bedriwwe gëtt, fir grouss Annoncen ze maachen, an deenen et virun allem drëms geet matzedeelen, datt een sech elo muss beweegen.

Et heescht jo och, datt sech elo emol de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot mam Sportsministère muss concertéieren an d‘Situatioun selwer muss analyséiert ginn. Eigentlech wëllen se zu Wäisswampech just wëssen, wat se um Sportsministère vun der Iddi, d‘Wantersportsaison trotz Covid19-Pandemie an den alarméierende Warnunge vun der Task-Force opzemaachen, halen.

Nach presséiert et net, mee et bréicht schonn eng kloer Ausso, well wann se zu Wäisswampech net bis Enn Februar d‘Saison agelaut hunn, brauch een den Opwand net méi ze bedreiwen. Op et elo eventuell Sënn gemaach hätt, et mat Siicht op all déi „Eventualitéite vun deene gewosst ass datt se sech wäerte bemierkbar maachen“ einfach direkt ganz sinn ze loossen? Net zu Wäisswampech.

Et ass ee bereet lasszeleeën

Et ass längst alles virbereet ginn an eigentlech bréicht et nieft negativen Temperaturen a Schnéi, just d‘Erlaabnes lasszeleeën. Den Tourismusbüro huet eng 280 puer Schi op Lager a ganz vill Erfarung am Ëmgang mat dëser Wantersportaart. An och de Schüler aus dem Fondamental vun der Gemeng Wäisswampech, gëtt all Joer eng „Schnéiklass“ ugebueden. Et wier schued dat ausfalen ze loossen.

Mee et geet grondsätzlech net esou direkt ëm d‘Krapperten an d‘Knetzelen, déi fir déi meescht scho frou sinn, dierfe mam Schlitt d‘Éisleker Koppen onsécher ze maachen. Allerdéngs ass d‘Locatioun vu Schier finanziell méi interessant. An apropos Finanzen: de Standuert Wäisswampech zitt all Joer vill Touristen un, déi sech et an der Hoteller vun der Ëmgéigend bequem maachen a Geld hunn.

Dat virun allem an der Fuesvakanz, där Period wou fir gewéinlech d‘Schnéidecken d‘Ufuerderunge vun de Schilaangleefer erfëllt. Bleift nach drop hinzeweisen, datt wien nëmme mat senge Butze wëll Schlitt fueren, d‘Gemeng Randschelt vill gelleg Koppen huet, an sech de Schnéi och am Minett zuweilen op de Koppen hält. Denkt do awer drun, äert Gefier uerdnungsgemäss ze parken.

Illustratioun: © Philipp Belena / unsplash

Related topics Baron, Covid19-Pandemie, Henri Rinnen, Wäisswampech, Wantersport, Wantersportsaison
Next post Previous post