Search

You may also like

Mir sti schonn nees op der rouder Lëscht
Kultur Neiegkeeten

Mir sti schonn nees op der rouder Lëscht

Et gouf ni behaapt datt d‘Pandemie eriwwer wier, ganz am

Zoff zu Hong Kong
Kultur Neiegkeeten

Zoff zu Hong Kong

De Staatsrot zu Peking huet esou lues d‘Nues voll mat

D’Surface vun der Sonn – Esou no koum een nach ni!
Kultur Neiegkeeten

D’Surface vun der Sonn – Esou no koum een nach ni!

Just kucken, net upaken – Ma dat sollt ee bei

Wantervullenzielung 2019: D’Märel als grousse Gewënner!

Wantervullenzielung 2019: D’Märel als grousse Gewënner!

Um leschte Weekend vum Januar war d’Wierder nees vun Niwwel, Reen a mëllen Temperaturen dominéiert ginn. Trotzdeem hunn iwwer 600 Fräiwëlleger sech net ofschrecke gelooss fir och 2019 bei der Wantervullenzielung vun natur&ëmwelt deelzehuelen. Allgemeng war d’Zuel u Villercher wiederbedéngt wéi ze erwaarde verhalen, an awer ass d’Märel mat 85% am heefegsten an eise Gäert gesi ginn.

Fir de 26. a 27. Januar 2019 sinn d’Lëtzebuerger opgeruff ginn, vir wärend enger Stonn sech Zäit ze huelen an d’Villercher am Gaart, bezéiungsweis um Balcon ze zielen. Bei der Aktioun hu 657 Participanten insgesamt 19.792 Villercher a 600 Gäert gemeld. Esou sinn am Schnëtt pro Zielplaz 33 Villercher beobacht ginn. D’Zielung ass domat ähnlech ausgefall, wéi am Joer virdrun a vill Beobachter hu vermierkt, datt an de kale Woche virun der Wantervullenzielung méi beplëmmte Gäscht bei de Fudderplazen ze observéiere waren. Duerch d’Wierder hu sech d^Villercher um eigentleche Weekend allerdéngs verstoppt gehalen.

D’Schielmees huet 2019 der Märel déi éischt Plaz iwwerlooss. Um Weekend vun der Zielung war si nämlech an 85% vun de Gäert zu Besuch a soumat déi heefegst Aart. Direkt dohannert positionéiert sech awer d’Schielmees, déi an 83% vun de Gäert gesiicht ginn ass. Weider heefeg ugetraffen Aarte waren den Hausspatz (73%), d’Blomees (72%) an d’Routbrëschtchen (68%). De gesellegen Hausspatz war mat insgesamt 4.432 Individuen, dovun duerchschnëttlech iwwer 10 pro Gaart, nees den zueleräichste Visiteur.

Um Enn vun der Aktioun sinn natierlech ënnert alle Participanten 10 Gewënner ausgeloust ginn, déi Dir op der Homepage www.naturemwelt.lu fanne kënnt.

Opmaacherfoto: © Roland Felten

Related topics Hausspatz, Januar, Märel, natur&ëmwelt, Schielmees, Wantervullenzielung
Next post Previous post