Search

You may also like

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?
Neiegkeeten

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?

D’Notzdéier aus Peru gesäit net nëmmen immens léif aus, och

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker
Neiegkeeten

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha
Neiegkeeten

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

Wien elo denkt, datt déi vun der Moien-Redaktioun se net

Wantervullenzielung den 26.a 27. Januar 2019!

Wantervullenzielung den 26.a 27. Januar 2019!

Fir de leschte Weekend vum Januar rifft natur&ëmwelt nees dozou op un der traditioneller Wantervullenzielung deelzehuelen. Dëst Joer wäert d’Zielung um 26. a 27 Januar stattfannen – jiddwereen ka matmaachen a souguer gewannen!

Um kommende Samschdes a Sonndeg sidd Dir gefrot! Wärend enger Stonn gitt Dir gebieden ee Villchen no Choix erauszesichen an dobaussen ze zielen. Dobäi soll een d’Vullenaart notéiere mat der jeeweileger Unzuel. D’Resultater kënnt Dir uschléissend mam Online-Formular ënnert www.naturemwelt.lu erareechen.

D’Zielaktioun bezitt sech virun allem op déi heefeg Vullenaarten, déi am Grand-Duché ëm d’Haus an de Gaart fléien. Duerch déi traditionell Zielaktioun kënnen d’Bestänn vun den heefegsten Zorten am Siidlungsraum ageschat ginn an beschtefalls och ee Populatiounstrend oder den Zouwuess oder Réckgang iwwert d’Jore siichtbar gemaach ginn. Bei dëser wichteger Aktioun ka jiddwereen hëllefen.

Am vergaangene Joer war d’Schielmees an 85 % vun de Gäert ze gesinn a soumat déi heefegst Aart. Op déi zweet Plaz hat et d’Märel gepackt, déi an 84 % vun de Gäert observéiert ginn ass. Weider heefeg Aarte sinn d’Blomees, den Hausspatz an d’Routbrëschtchen.

Wéi gesäit d’Situatioun wuel dëst Joer aus? Drot och Dir ären Deel dozou bäi, d’Villercher zu Lëtzebuerg ze zielen a wichteg Daten ze sammelen. Um Enn vun der Aktioun ginn 10 Gewënner ausgeloust. Bis den 8. Februar 2019 kann ee sech fir d’Participatioun mellen.

Alleguerten d’Informatiounen ginn et ënnert www.naturemwelt.lu.

Related topics Blomees, Hausspatz, natur&ëmwelt, Routbrëschtchen, Schielmees, Villchen, Wantervullenzielung
Next post Previous post