Nei bei Editions Guy Binsfeld: „Was habe ich verpasst“ vum Nora Wagener

„Was habe ich verpasst“ ass d’Liewensfro vun de Protagonist*innen vun dëse Kuerzgeschichten. Si zweiwelen hire Liewenswee an hir Entscheedungen un. Wat hätt kënne sinn, wann …? Och dëser Fro widme sech d’Figuren, déi net méi ënnerschiddlech kéinnte sinn, an awer hu si villes gemeinsam.

D’Nora Wagener beschreift a gewinnter Manéier verschidde Charakteren, déi hiert eegent Liewen an dat vun anere betruechten, verpasst Geleeënheeten gesinn a léisst um Liewen deelhuelen, an déi den Zweiwel grouss Lächer klappt.

Si gëtt Ablécker a kleng, alldeeglech Bréch: Entscheedungen, déi op den éischte Bléck banal wierken, Handlungen, déi scheinbar keng grouss Konsequenzen hunn, Froen, déi iwwert hir éischt Beäntwerung hinaus Zweiwel séinen. D’Protagonist*innen spieren, datt d’Saachen net bleiwe kënnen, wéi se sinn. Mee wien ze laang mat béide Been am Liewe steet leeft Gefor, d’Lafen ze verléieren …

Was habe ich verpasst
© Heiko_Riemann / Editions Guy Binsfeld

D’Autorin

D’Nora Wagener, 1989 zu Lëtzebuerg gebuer, huet Kreatiivt Schreiwen a Kulturjournalsmus zu Hildesheim studéiert. Fir hir literaresch Wierker krut si divers Auszeechnungen, dorënner 2012 de Manfred-Maurer-Literaturpräis, den Hans-Bernhard-Schiff-Fërderpräis an den éischte Präis beim Concours littéraire national an der Jugendkategorie, de Prix arts et lettres des Institut Grand-Ducal am Joer 2014 sou wéi de Prix Servais fir hire Kuerzgeschichteband „Larven“ (2016) am Joer 2017.

Zum Buch

  • Was habe ich verpasst
  • Kuerzgeschichten
  • 144 Säiten
  • 134 x 210 mm
  • Gebonne mat Schutzëmschlag
  • ISBN 978-99959-42-76-2
Dernières nouvelles