Search

You may also like

Sechs Joer Krich am Jemen: Si verléieren hir Famillen, d’Heemescht an d’Hoffnung
International Money Neiegkeeten

Sechs Joer Krich am Jemen: Si verléieren hir Famillen, d’Heemescht an d’Hoffnung

Méi wéi 250.000 Doudeger, 20 Millioune Mënschen déi op humanitär

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!
International Money Neiegkeeten

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!

Zu Lëtzebuerg sollen déi groussflächeg Tester, fir de Covid-19 festzestellen,

Déidlech Ausenanersetzung a Flüchtlingsënnerkonft
International Money Neiegkeeten

Déidlech Ausenanersetzung a Flüchtlingsënnerkonft

An der Nuecht op e Freideg ass et zu Stroossen

money

Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir

Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir

Laut dem Wall Street Journal, géif sech d’US-Administratioun drop virbereeden d’Douanestaxen op den Import vu Stol an Aluminium aus der EU anzeféieren. Déi temporär Ausnameregelung déi Washington der EU zougesprach hat, leeft um 1. Juni aus.

D’Zeitung, déi sech op Quelle berifft déi dem Dossier nostinn, affirméiert, datt d’Trump-Administratioun bereet ass déi temporär Ausnameregelung „auslafen“ ze loossen. En Accord „a leschter Minutt“ wiel wuel méiglech, mee wéineg probabel, heescht et vun de selwechte Quellen.

Et war am Mäerz, wou den Donald Trump ugekënnegt hat, Douanestaxen op den Import vu Stol (25%) an Aluminium (10%) aus der EU anzeféieren. Hien hat sech dann awer nach duerchgeronge verschiddenen „Alliéierten“ vun den USA „Ausnamen“ zouzegestoen.

De Wonsch war de Papp vum Gedanken

Déi temporär Ausnam fir d’EU leeft den 1. Juni aus. Bréissel huet sech an de leschte Woche beméit mat Washington en Accord ze fannen, mat deem d’Ausnam sollt permanent ginn. Um Dënschdeg hat sech dann och d’EU-Handelskommissärin, Cécilia Malström, zur „Menace“ geäussert.

Si geet net méi dovunner aus, datt d’USA den Europäer eng permanent Ausnam fir Stol an Aluminium zougestinn. D’Cécilia Malström hat drop higewisen, datt ee sech beschtefalls kéint erwaarden, datt Washington der EU „Quoten“ géif ubidden.

Zu Paräis, bei der Joresversammlung vun der OECD, haten sech um Mëttwoch d’USA net zum Appell zur Verdeedegung vum Multilateralismus, säitens Frankräich an dem Rescht vun den OECD-Länner, geäussert. E Constat deen zu Spannunge bei der Versammlung gefouert huet.

Washington spillt seng Muecht aus

De Beweis fir déi ugespaante Stëmmung bei der Joresversammlung liwwert d’US-Administratioun selwer. Si hunn de finale Communiqué vun der Sëtzung blockéiert, an deem ënnert anerem virgesi war, de Protektionismus ze veruerteelen.

De franséische President, Emmanuel Macron, hat bei der Joresversammlung en Appell lancéiert fir de Multilateralismus ze „iwwerschaffen“ an d’Welthandelsorganisatioun (WTO) ze reforméieren. D’WTO, déi de Welthandel reguléiert, gëtt bestänneg vun der Trump-Administratioun kritiséiert.

„D’Menace vun engem Handelskrich léise keng Problemer“, esou den Emmanuel Macron. Den US-Sekretär fir Handel, Wilbur Ross, hat virum Macron senger Ried, schwéier Kritik un de multinationalen Institutioune geäussert. Si wieren „lues“ a bei de Reunioune géif et nëmmen „onendlech Palaver“ déi net zu konkrete Léisunge féiere kënnen.

mat AFP

Foto: Bei der „Familljefoto“ virun der Joresversammlung vun der OECD „waren“ d’Staatscheffen nach gutt gelaunt. Bei der Sëtzung ass et ëm d’Iwwerschaffe vum Multilateralismus an der Reform vun der Welthandelsorganisatioun gaangen. En finale Communiqué, mat deem ënnert anerem de Protektionismus sollt veruerteelt ginn, ass vun der US-Administratioun blockéiert ginn. © Philippe Wojazer/pool/AFP

Related topics Douanestaxen, Emmanuel Macron, EU, OECD, Washington
Next post Previous post