Search

You may also like

D’Sécherheet vun de Bierger huet hire Präis
International Neiegkeeten

D’Sécherheet vun de Bierger huet hire Präis

Knapp e Joer nodeems mir op de Balcone stoungen an

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)
International Neiegkeeten

Washington a Peking geroden unenaner (Analys)

Wann een dem amerikanesche Krichspresident gleewe kann, dat hätt de

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter
International Neiegkeeten

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter

Och an Entreprisen ass eng effikass Ëmsetzung vun der Suergfaltsflicht

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal

Den Trump zerrappt zu dësem Zweck den Atomwaffevertrag mat Russland

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal

Well den Donald Trump d‘Atomwaffenarsenal vun den USA konsequent erneiere wëll, dat awer net esou einfach kann an Optrag gi ginn, muss sech de Locataire aus dem Wäissen Haus, fir unzefänke vum „INF-Vertrag“ (Intermediate Range Nuclear Forces – nuklear Mëttelstreckesystemer) trennen.

E Samschdeg huet den US-President bestätegt, datt den Accord, deen d‘USA mat Russland an Zäite vum kale Krich ausgehandelt hunn, net méi vu Washington ka validéiert ginn, well Moskau zanter Jore géint d‘Ofkommes verstéisst. „Russland huet den Accord net respektéiert. Mir setzen dësem elo en Enn a wäerten déi Waffesystemer weider entwéckelen“.

„Si verstousse säit Jore géint de Vertrag“ verséchert den Donald Trump. „Ech weess net firwat de President Barack Obama dësen net nei verhandelt, oder sech aus dësem zréckgezunn huet. (…) Mir wäerten et net zouloossen, datt si géint dëse Vertrag verstoussen a Waffen entwéckelen, während et eis verbueden ass. (…) Russland huet leider Vertrag net agehalen“, argumentéiert den US-President.

Alles eng Fro vun „Timing“

D‘Trump-Administratioun beschwéiert sech iwwert d‘Verbreedung duerch Moskau, vum Rakéite-System 9M729, dat laut Washington d‘Reechwäit vu 500 Kilometer iwwerschreit. Dat wier ouni Zweiwel e Verstouss géint d‘Ofkommes.

Mam INF-Vertrag haten sech béid Muechten 1987 drop gëeenegt, den Asaz vu Rakéiten ze verbidden, déi eng Reechwäit tëscht 500 a 5.500 Kilometer hunn. Domatter war deemools d‘Kris beendegt ginn, déi an den 80er Joren duerch d‘Verbreede vum Rakéite-System „SS-20“ ausgeléist gi war. D‘SS-20 waren Atomrakéiten déi op westlech Haaptstied ausgeriicht waren.

Interessant, de Fait, datt den US-President dës Ukënnegung just zu deem Zäitpunkt mécht, wou säin nationale Sécherheetsberoder, John Bolton, zu Moskau war fir de kontroverséierten Dialog – tëscht dem Vladimir Putin an dem Donald Trump am Juli – weiderzeféieren.

Eng gutt Erklärung

De John Bolton sollt sech notamment mam Ausseminister Sergueï Lavrov, an dem Sekretär vum Sécherheetsrot, Nikolaï Patrouchev, zu enger Entrevue treffen. Et muss een an dësem Kontext drun erënneren, datt d‘Bezéiungen tëscht Washington a Moskau „ugespaant“ sinn, säit Russland verdächtegt gëtt, sech an den amerikanesche Wahlkampf 2016 agemëscht ze hunn.

En Informant am russeschen Ausseministère kommentéiert dem Donald Trump seng Decisioun: „Dës Entscheedung vun den USA gëtt vun hirem Dram dominéiert, eleng d‘Welt ze beherrschen. (…) D‘Haaptmotivatioun ass den Dram vun enger unipolarer Welt. Kann dee Realitéit ginn? Nee“, esou den Informant géintiwwer der Regierungspresseagence RIA Novosti.

Dat versprécht „interessant“ ze ginn, an et dierf ee gespaant op den 11. November sinn. Do sollen sech zu Paräis, am Kader vun de Commemoratiounsfeiere fir d‘Enn vum 1. Weltkrich, den Donald Trump an de Vladimir Putin perséinlech gesinn.

mat AFP

Related topics Atomwaffevertrag, Donald Trump, INF, Moskau, Oprëschtung, Vladimir Putin, Washington
Next post Previous post