Search

You may also like

surprise
Schwéiert Accident op kaliforneschem Highway
International Neiegkeeten

Schwéiert Accident op kaliforneschem Highway

Um Dënschdegmuere sinn op der Staatsstrooss 115 zu Holtville (Südkalifornien),

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft
International Neiegkeeten

Gréng sanéieren a renovéieren: D’Primme ginn eropgeschrauft

Haut de Mëtteg hunn d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima

Vu Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet
International Neiegkeeten

Vu Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet

Nodeems déi tierkesch Invasiounstruppen an der nordsyrescher Provënz „Verloschter“ hu

Washington bitt zum Gespréich

Am Sträit ëm d‘Atomofkommes hunn d‘Ajatollahen de Cowboyen hir Aluedung op den Apero ofgeschloen

Washington bitt zum Gespréich

D‘Amerikaner gi gären den Toun un, an esou ass eng „Aluedung zum Gespréich“ méi Uerder wéi héiflech Invitatioun. Dat géif zumindest och de Militärschlag géint vum Iran gestëtzte Milizen am Irak an Syrien erklären…

Well d‘Amerikaner dovunner ausginn, datt hannert dem Attack mat enger Rakéit am Irak – hei ass en amerikanesche „Mataarbechter“ gestuerwen, mee och en US-Zaldot an en Zaldot vun der Allianz goufe blesséiert – d‘Iraner stiechen, gouf et leschten Donneschdeg ee Géigeschlag am irakesch-syresche Grenzberäich. Bei engem Ugrëff op d‘Kataib Hisbollah Miliz, solle mindestens 22 Leit d‘Liewe verluer hunn. Laut den Amerikaner alles Kämpfer vun der iranescher Hisbollah-Brigad.

Zwee Deeg drop ruffen d‘Amerikaner zu Teheran un an bieden d‘Ajatollahen zu engem informellen Treffen, bei deem sech soll iwwert en Atomofkommes ënnerhale ginn, datt et de facto guer net méi gëtt. Zu Washington war ee sech am kloren, datt Teheran dës „ausgestreckten Hand“ géif ofweisen. Bei dësem diplomatesche Manöver geet eenzeg an eleng drëms duerzestellen, datt et d‘Iraner sinn, déi sech Verhandlunge widdersetzen, generell déi béis sinn a souwisou just eng Atombomm wëllen.

An tatsächlech, aus dem iraneschen Ausseministère koum d‘Zréckweisung. Et gouf nach emol kuerz drop higewisen, datt wann d‘Amerikaner ee Gespréich wëllen, si sech emol d‘Prioritéite sollten zortéieren. „Ugesiichts de jéngsten Handlungen an Aussoe vun den USA, esou wéi den europäesche Signataire vum Atomofkommes, mécht en Treffe kee Sënn“, esou de Spriecher Said Chatibsadeh. Et géif een awer de Kontakt mam Chef-Diplomat Josep Borrell oprecht erhalen…

Keng gutt Absichten

De Josep Borrell – datt ass deen ale wäisse Mann vun der EU-Kommissioun, dee sech beim Besuch zu Moskau, wou hie sech fir en homophoben, antisemiteschen an nationalisteschen Dissident wollt asetzen, virféiere gelooss huet – hat am Numm vun der Europäescher Unioun, zu Teheran ugeklappt an den Ajatollahen en informellt Treffe mat de USA virgeschloen. Europa hätt jo en Interessi – ee reng finanziellt wuel – datt een nees Verhandlungen zum iraneschen Atomprogramm géif ophuelen.

Leider hunn och déi europäesch Signataire Frankräich an Däitschland sech zu kengem Ament un hir Zousoe géintiwwer dem Iran gehalen. D‘Industrie an d‘Wirtschaft hat wuel grouss Interessen an et ware schonn éischt Schrëtt ënnerholl ginn, bis d‘USA nees en eegene Wee gaangen ass. Elo wëllen d‘USA „diplomatesch Weeër sichen nees zum Atomofkommes“ – datt dann awer entspriechend den amerikanesche Virgabe muss korrigéiert ginn – zeréckzefannen. Dat geet natierlech net eleng.

D‘Amerikaner sinn op hir „Partner“ ugewisen, wann si den Drock op d‘Ajatollahe wëllen héich halen. An dësem Kontext bitt et sech un zu New York am UN-Sécherheetsrot, sech mat den anere Vetomuechten an Däitschland (well Signataire) ze beroden. Grondsätzlech awer geet et Washington och weiderhi primär dorëms, de Regime zu Teheran auszetauschen. Schonn aus dësem Grond, ass et dem Joe Biden net méiglech, déi vu sengem Virgänger nees operluechte Sanktiounen opzehiewen.

mat indymedia/tlv/nyc

Illustratioun: David Mark / pixabay

Related topics Atomofkommes, Iran, Sanktiounen, Teheran, USA, Washington
Next post Previous post