Search

You may also like

Prix Laurence 2020!
International Neiegkeeten

Prix Laurence 2020!

De Prix Laurence ass dee Jugend-Literatur-Präis fir all jonk Auteuren tëscht 12

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus
International Neiegkeeten

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus

[onionbuzz quiz-id=133][/onionbuzz] De Kanton Réimech ass deen zweetklengste vun der

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper
International Neiegkeeten

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper

Wann et em Belästegung vu Frae geet, gëtt am Moment

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen

Et ass onmoosseg wat sech Washington elo op en Neits erlaabt. Si wëllen net datt mir eise Gas bei de Russe kafen, hätte gären datt mir eis Militärausgaben erhéijen a wa mir dat maachen, wëllen si entscheede wéi mir dat ze maachen hunn.

NATO-Sommete sinn eppes Ustrengendes, et gëtt kee bei deem d‘EU net am Fokus vun der US-Kritik steet. Mir géifen einfach net genuch Geld fir Rëschtung, Mord an Doudschlag ausginn. E Virworf iwwregens deen net den Donald Trump an d‘Liewe geruff huet. Elo wëll d‘EU sech ee Verdeedegungsfonds gënnen, méi Geld ausginn a besser zesummeschaffen, a gëtt awer kritiséiert.

Washington verwiert sech dem europäesche Versuch, d‘Rëschtungspolitik mat engem eegens dofir geduechte Fonds op d‘Been ze stellen. De Michael Gahler vun der europäescher Vollekspartei (EPP) deen ideologesch dem Trump a senge Krichs-Falleke ganz no steet, weess och wou dem Amerikaner de Schong dréckt. Déi hunn Angscht net „abezunn“ ze ginn, an dat ass net verkéiert.

De Michael Gahler dee fir d‘CDU am EU-Parlament sëtzt, ass ee vun den Deputéierten deen sech fir en europäesche Verdeedegungsfonds agesat huet an den neien „Dissens“ tëscht Bréissel a Washington op den Dësch leet. Laut dem Deputéierten, hätten d‘Amerikaner versicht d‘Opstelle vun dësem Fonds ze verhënneren, elo géif een drop bestoen, datt den US-Militärkomplex och muss Zougang zu de Subventiounen erhalen. Da kann een och direkt hir Waffesystemer kafen…

„Wann ee sech déi Zommen ukuckt déi d‘USA fir Militärfuerschung a Rëschtung ausginn an d‘EU 13 Milliarden Euro op siwe Joer verdeelt huet, dann dierft séier kloer sinn, datt mir net wëllen, datt Drëtter aus den USA oder anere Länner bedeelegt ginn. Mir wëllen duerch eng besser Kooperatioun erreechen, datt eis eegen industriell Basis gestäerkt gëtt an den US-Militärkomplex finanzéieren“.

Europa brauch en eegene Militärkomplex

Datt ugesiichts der Aart a Weis wéi Europa „waffentechnesch“ aktuell opgestallt ass, esou ee Fonds duerchaus Süenn mécht, dat ergëtt sech duerch de Fait, datt jiddereen an Europa op sengem eegenen Trip ass. An der EU gëtt et iwwer 170 verschidde Waffesystemer an dat schléit an d‘Geld. Aus deem Grond brauch et de Verdeedegungsfonds. Et geet ëm Effizienz bei gläichzäitegem spueren…

Wéi séier an ënnert wei enge Konditiounen sech d‘Entwécklung an den Ausbau vun der Rëschtung an Europa bewierkstellege léist, ass schwéier ze soen, mee datt Washington massiv Lobbyaarbecht bedreift fir de Projet ze torpedéieren, dass eng kloer Amëschung an d‘Verdeedegungspolitik vun der EU. Wann sech D‘EU-Kommissioun op d‘USA aléist, ass déi strategesch Autonomie gefäerdet.

WashingtonA Washington setzt nees drop, datt d‘EU-Länner net Amstand sinn sech op gemeinsam Interessen ze konzentréieren an hunn och Recht dee Wee ze goen. Schliisslech ass de Fonds och bannent der EU eppes „ëmstridden“. Den Ament gëtt zu Bréissel de pluriannuelle Budget ficeléiert, an do heescht et elo iwwerraschend, datt d‘Mëttel fir de Verdeedegungsfonds sollen ëm d‘Hallschent gekierzt ginn.

Op Virschlag vun der finnescher Presidence, géif dësen nach just mat ronn sechs Milliarden Euro gefëllt ginn. Grond dofir: vill Länner (déi och entspriechend Bezéiungen zu den USA ënnerhalen) ginn nach ëmmer de NATO de Virrang, anerer hunn US-Militärbasen oder soss national Interessen, sech u Washington ze klameren. D‘EU ass nu emol net vereent an doriwwer freet sech Washington.

mat indymedia/bru/was

Foto: Skitterians / Pixabay

Related topics EU-Kommissioun, EU-Verdeedegungsfonds, Michael Gahler, Verdeegungspolitik, Washington
Next post Previous post