Search

You may also like

Formel 1: 10 Grënn d’Saison 2021 ze verfollegen
International Neiegkeeten

Formel 1: 10 Grënn d’Saison 2021 ze verfollegen

Dëse Weekend huet déi 72. Editioun vun der Formel 1

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft
International Neiegkeeten

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

Offiziell heescht et de Cascade ass ee gehappten Äppelwäi mat

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!
International Neiegkeeten

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!

Beim Ubléck vun dëse Biller kéint ee mengen, datt entweder

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss

Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss

D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi hire Sëtz zu Genf huet, der Hypokrisie beschëllegt, an behaapt datt de „Veräin“ sech géint Israel positionéiert. Eng Entscheedung déi direkt vun de Mënscherechtsorganisatiounen denoncéiert ginn ass.

„Mir huelen dës Mesure, well eist Engagement eis et net erlaabt weiderhin Deel vun enger hypokritescher Organisatioun ze sinn, déi eenzeg hir eegen Interesse bedéngt, wat aus de Mënscherechter e Witz mécht“, esou d‘US-Ambassadrice Nikki Haley un der Säit vum US-Ausseminister Mike Pompeo, géintiwwer der amerikanescher Press.

„Vill ze laang huet de Mënscherechtsrot d‘Auteure vu Verbrieche géint d‘Mënscherechter geschützt a war eng Kloak fir politesch virgefaasste Meenungen“, betount d‘Nikki Haley. Zesumme mam Mike Pompeo, huet si drop insistéiert, datt d‘USA och weiderhin d‘Héichbuerg vun de Mënscherechter wäert sinn. Eng gewoten Ausso…

Net méi spéit wéi ee Méindeg, war den héije Kommissär fir Mënscherechter vun der UNO, de Zeid Ra‘ad Al Hussein, géint déi onzoulässeg a grausam Politik vun den US-Autoritéiten op d‘Barrikade gaangen. Dat well d‘US-Justiz d‘Kanner vun hiren Elteren trennt, wann et sech ëm Leit handelt déi illegal Agewandert sinn.

Eng Argumentatioun déi d‘Nikki Haley an de Mike Pompeo zréckweisen. Si hu verséchert, datt hir Entscheedung domatter zesummenhänkt, datt de Versuch de Mënscherechtsrot ze reforméiere gescheitert ass. „Leider ass et elo kloer, datt eisen Opruff, d‘Institutioun ze reforméieren net gehéiert ginn ass“, esou d‘Nikki Haley.

Amerikanesch Prioritéiten

De Mënscherechtsrot ass 2006 gegrënnt ginn, fir d‘Mënscherechter uechtert d‘Welt ze fërderen an ze schützen. Mee seng Rapporten hu ganz oft den amerikanesche Prioritéite widdersprach. Besonnesch d‘Tatsaach, datt Israel dat eenzegt Land op der Welt ass, dat e feste Punkt op der Dagesuerdnung huet (genannt Punkt 7) iergert d‘USA iwwert d‘Mooss.

Washington, deem säi Mandat am Rot am Prinzip 2019 op en Enn gaange wier, hat och gefuerdert, datt den Ausschloss vu Länner déi schwéier géint Mënscherechter verstoussen, mat enger einfacher, an net enger Zweedrëttel Majoritéit, ausgeschloss solle ginn. Vun den USA war och gefuerdert ginn, datt d‘Selektioun vun de Memberstaaten misst „gestäerkt“ ginn.

„D‘Länner hunn sech drop verstännegt, déi aktuell Methodik vun der Selektioun ze sabotéieren“, esou de Mike Pompeo. „An de stännegen Zwispalt vum Rot géintiwwer Israel, dee och nach gutt dokumentéiert ass, kann net akzeptéiert ginn. Säit senger Grënnung, huet de Rot méi Resolutioune géint Israel ugeholl, wéi géint de ganze Rescht vun der Welt“.

Erwaardungsgeméiss huet den israeleschen Ambassadeur, Danny Danon, de Schratt vun den USA begréisst, well si sech géint „de blannen Haass géintiwwer Israel innerhalb den internationalen Institutiounen“ stellen. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres sot awer, datt hien „et virgezunn hätt datt d‘USA am Mënscherechtsrot bleiwen“.

Et ass eben net perfekt

Esou zeréckhalend waren se um Dënschdeg net all. D‘Mënscherechtsorganisatioun „Human Rights Watch“ (HRW) huet d‘Entscheedung vun den USA béis kritiséiert. „De Mënscherechtsrot huet eng wichteg Roll a Länner wéi Nordkorea, Syrien, Burma an am Südsudan gespillt. Mee den Donald Trump ass nëmmen un der Verdeedegung vun Israel interesséiert, iergert sech de Kenneth Roth.

Den UN-Mënscherechtsrot „ass wäit dovunner ewech perfekt ze sinn, mee et ass eng wichteg Muecht déi dofir suergt, datt sech Leit vir Geriicht musse veräntwerten. An deem d‘USA sech zeréckzéien, sabotéieren si bewosst d‘Mënscherechter vun alle Vëlker, iwwerall op der Welt an hirem Kampf fir Gerechtegkeet“, esou Salil Shetty, Generalsekretärin vun Amnesty International.

A Säit den Donald Trump dat Wäisst Haus „iwwerholl“ huet, hunn sech d‘USA schonn aus enger ganze Rei Institutiounen zréckgezunn. Si sinn net méi Member vun der UNESCO, hu verschidden UN-Organer d‘Finanze gekierzt oder ganz gestrach. D‘USA maachen net méi beim Klimapakt mat, an hunn zu allem Iwwerfloss och nach d‘Atomofkommes mam Iran gekënnegt.

Et dierf een dann och drop hiweisen, datt et net déi éischte Kéier ass, datt d‘USA hien „Tockskapp“ weisen a sech aus dem UN-Mënscherechtsrot zréckzéien. Virun 12 Joer hat schonn emol e republikanesche President, de George W. Bush, den UN-Mënscherechtsrot „boykottéiert“. Dat hat de Barack Obama (Demokraten) dann nees réckgängeg gemaach.

mam Dave Clark an dem Inès Bel Aiba/AFP

Foto: D‘US-Ambassadrice bei de Vereenten Natiounen, Nikki Haley, ass wéi de Mike Pompeo an den Donald Trump der Meenung, datt den UN-Mënscherechtsrot sech géint Israel verschwuer huet. Et wier eng hypokritesche Veräin, an deem géif een elo de Réck zouwennen, esou de Resumé. © Andrew Caballero-Reynolds/AFP

Related topics Donald Trump, Mike Pompeo, Nikki Haley, UN-Mënscherechtsrot, UNHCR
Next post Previous post