Stauséi: Protokoller um lafende Band
Um Stau op der Uewersauer ass zolidd eng Lass, an
Um Stau op der Uewersauer ass zolidd eng Lass, an
Et war e flotten Dënschdegmueren am Stater Altersheem „Konviktsgaart“, an
No der Period vum Confinement komme wirtschaftlech Froen op. Enn
Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een et aus „fréieren“ Zäiten – also virun der Covid19-Pandemie kannt huet: iergendeen luet iwwert d‘sozial Netzwierker zu engem Stroossefest an. Et gëtt Musek, z‘iessen an ze drénken, firwat senger e puer honnert Leit op eng Koup zesumme sinn, wat natierlech wéinst de Restriktioune verbueden. D‘Police gëtt geruff a versicht dat ze beendegen.
Laut dem Chef vun der Washingtoner Police, Peter Newsham: „Et gouf iergendee Sträit, et goufen d‘Waffe gezéckt an och effektiv agesat. Elo hu mir een doudege jugendlechen an eng 20 blesséiert Persounen ze bekloen“. Zur Stonn ass net gewosst, op d‘Police eppes mam Gestreits ze dinn huet, an esou méiglecherweis zum Schosswiessel bäigedroen huet. Woubäi dat och onerhieflech ass.
Wien eng Party mat enger Waff besicht kann net wierklech gutt Absichten hunn, mee schliisslech ass een an den USA, an eng Waff ze besëtzen ass ville méi wichteg, wéi eng Krankekeess ze hunn. Laut Aenzeien, ass de Schosswiessel vun dräi Säite gläichzäiteg ausgaangen. Mënsche sinn zu Buedem gaangen, déi méi glécklech hu sech hanner Autoen oder an Hausagäng verschanzt kritt.
Richteg laang huet dat ganzt net gedauert, an nodeems all Säit vu senge verfassungsméissege Recht gebrauch gemaach hat, war ee Mënsch dout an 20 anerer deels schwéier blesséiert. D‘Police huet op der Plaz 176 Patrounenhülsen agesammelt, wat erkläert, datt et Zeie ginn huet, déi gemengt haten et wiere Maschinnegewierer zum Asaz komm. Amerika, e Land wou den Dout zur Fräiheet gehéiert.
A wéi et sech gehéiert, ass een no esou engem Virfall eppes verwonnert. Statt sech a Fro ze stellen, an driwwer nozedenken op et net esou lues un der Zäit wier iwwert ee Waffegesetz nozedenken, steet d‘Artecka Brown, d‘Mamm vum 17 järegen Doudesaffer de Medie géinteniwwer a stellt fest: „Ech kann nach ëmmer net verstoen, datt d‘Liewe vu mengem Kand einfach eriwwer ass“.
D‘Artecka Brown, Mamm vum 17 järegen Affer, sollt net mussen den Dout vum Bouf bekloen. Mee an engem Land wou, d‘Partygäscht schwéier bewaffent ureesen an och jiddereen dat fir ganz selbstverständlech hält, leet och den Dout d‘Musek op. Täter hei ze ermëttelen, dierft komplizéiert ginn an et freet sech, op et iwwerhaapt iergendeen interesséiert. © Michael Brice-Saddler/WP (via Twitter)
Dobäi gehéiert de Quartier an deem sech dat ganzt zougedroen huet, als „friddlech a sécher“. Mee et ass ee vun den äermleche Quartieren, eng vun deene Plazen déi den Afroamerikaner virbehalen ass a säit de BLM-Protester vun der Police vermidde gëtt. Wou et „roueg“ ass, schéngen zumindest déi lokal Policekommissariater et net op eng Eskalatioun wëllen ukommen ze loossen.
Fir d‘Buergermeeschtesch vu Washington, Muriel Bowser, déi sech mat eegenen Aen op der Plaz vun der Tragedie e Bild gemaach huet, ass kloer, datt et ëmmer nees zu esou „Festivitéite“ wäert kommen. „Et ass Summer, d‘Mënsche fillen sech agespaart, wëssen net wou se soss higoe sollen“, esou hir Feststellung. Mee d‘Muriel Bowser muss sech der sanitärer Kris an hirer Stad erwieren.
D‘Police huet 176 Patrounenhülsen opgeraf, a wäert fir en Ament gutt beschäftegt sinn. Op sech en Täter, oder villméi ee „Schëllege“ fanne léist, kann an dësem Fall getréischt ausgeschloss ginn. Et huet jo d‘Recht zréckzeschéissen, a wien den éischte Schoss ofginn huet, kann en dësem Fall net ze ermëttele sinn. © Michael Brice-Saddler/WP (via Twitter)
„An dësen Zäite kann een awer esou Summerpartyen net toleréieren an et ass d‘Aufgab vun der Police esou Fester ze ënnerbannen an opzeléisen. D‘Police muss fir d‘Gesondheet an d‘Sécherheet vun dëse Mënsche suergen“, esou d‘Buergermeeschtesch. Dat mam fir „Gesondheet a Sécherheet suergen“ huet allerdéngs net esou geklappt wéi et wuel sollt geduecht sinn. Och dat ass Amerika…
mat indymedia/was
Illustratioun: USA ee Land wou d‘Fräiheet esou onbegrenzt ass, datt ee muss mat enger Waff op eng Summerparty goen. © Jacob Morsch / unsplash