Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff

Am Abrëll hat d‘Stad Lëtzebuerg de Service vum Locatiounsvëlo nei

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert
International Neiegkeeten

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

Houfreg presentéiert d’Stad Esch säin neie Projet „E-Senior“. Zil ass

Op de wierklech allerleschte Stëppel
International Neiegkeeten

Op de wierklech allerleschte Stëppel

Nodeems et deem engen oder aneren an der brittescher Regierung

Washington mécht Drock op Ankara

Dem Sultan säi Waffendeal mat Moskau geet dem Milliardär géint de Stréch

Washington mécht Drock op Ankara

Et ass net keen einfache Job deen den Donald Trump ugeholl huet, wéi hien zum mächtegste Mann vun der Welt gewielt ginn ass. Frënn huet hie sech och keng gemaach an eng vu senge léifsten diplomatesche Beschäftegunge besteet doranner Partner ze beleidegen an Allianzen a Fro ze stellen.

Nodeems hie säi Staatsbesuch a Groussbritannien genotzt huet fir d‘Regierungscheffin ze zëssen, de Buergermeeschter vu London ze beleidegen an Europa ze mobben. Mexiko zu Handlaanger vun der US-Migratiounspolitik degradéiert huet, ass et elo um Sultan vun Ankara sech der Erpressung vum Donald Trump unzehuelen. Woubäi den Erdogan um „Sträit ënner Partner“ selwer schold soll hunn.

Beim Sträit tëscht dem charismateschen Immobilienhändler aus Amerika an dem reformfreedegen Demokrat aus der Tierkei gëtt et net ëm Migratioun, jo nach net emol vu Wirtschaftsdefizit kann een hei schwätzen. Woubäi et allerdéngs schonn ëm d‘Geschäft geet, a Washington et net gären huet, wann den amerikanesche Militärkomplex bei Waffegeschäfter net berécksiichtegt gëtt.

Ankara

Tatsächlech huet de Recep Tayyip Erdogan – deen niewebäi NATO-Partner ass an d‘Kurden als Ethnie ofschafe wëll – sech an de Kapp gesat, seng Rakéiten zur Fluchofwier net bei den Amien ze kafen, mee bei de Russen. De russesche System „S-400“ ass zudeem efficace a wiesentlech méi präiswäert wéi déi amerikanesch „Patriot“. An et dréit zu gudden diplomatesche Bezéiunge bäi…

Kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaf

Elo kann ee sech virstellen – an dat ass och de Fall – datt ënnert den NATO-Partner generell esou en Deal am „Feind“ net wierklech op Zousproch trëfft. Schliisslech huet ee jo och dees Krichsgeschir am Regal an et wier jo logesch, datt ee sech fir unzefänke bei de Partner „ëmkuckt“ iert ee sech dee selwechten Ofwiersystem zouleet wéi den Iran. An d‘NATO ka sech freeën den Trump ze hunn.

Den US-President jiddefalls huet den Tierke bis Enn Juli ginn, fir sech d‘Acquisitioun vun S400-Rakéiten nach emol ze iwwerleeën. Sollt de Sultan um Deal festhalen, da schéckt de Pentagon déi tierkesch Piloten, déi an den USA um F35 Kampfjet ausgebilt ginn, nees heem an déi tierkesch Entreprisen déi um Bau vun dëse Kampffliger bedeelegt sinn, verléieren hir Rëschtungsopträg.

Ankara

Et läit no, datt dann och keng F35 Kampfjets méi un d‘Tierkei ausgeliwwert ginn. Dat kléngt elo schlëmmer wéi et ass, well mir schwätze vu „véier“ Fliger an déi wieren net emol „full option“. Dat awer kann de Recep Tayyip Erdogan kaum bis guer net beandrocken. Seng Bezéiung zu den USA ass souwisou éischter ugespaant, nodeems déi him déi ethnesch Säuberung a Syrien verwiert hunn.

Asymmetresch Aussepolitik an national Interessen

Den tierkeschen S400-Deal suergt säit Méint fir Diskussioune bannent der NATO. Hiert Argument: Moskau wier et méiglech, iwwert dëse Waffesystem Informatiounen zu de vu der NATO agesate Fliger ze erhalen. D‘USA, déi wëssen datt d‘Russe fir déi ugeschwaten Informatioune keen Deal brauchen, wëllen eigentlech nëmmen, datt d‘Tierkei den deieren US-Patriot Waffesystem keeft.

Mam Sultan ass an dëser Fro awer kee Geschäft ze maachen. De Recep Tayyip Erdogan hat nach an dëser Woch däitlech gemaach, datt hie kee Grond gesäit firwat hien e gudde Vertrag sollt zerrappen. Hie wier net de President vun den USA an d‘Tierkei e souveräänt Land dat seng Entscheedungen onofhängeg trëfft. Hale béid Natiounen elo un hirer Positioun fest, da gëtt et richteg Interessant.

Ankara

Déi éischt S400-Systemer sollte schonn am Juli geliwwert ginn. Vu Moskau heescht et, datt et keng Ustalte vun Ankara ginn huet eppes un de bestoende Verträg ze änneren. Den Termin (Liwwerung & Montage) géif entspriechend dem Vertragswierk agehale ginn. D‘Ausbildung vun den tierkeschen „Spezialisten“ déi den S400-System notzen, esou de Staatskonzern Rostec, wier ofgeschloss.

mat indymedia/was/tlv/mow

Foto: D‘USA hunn dem Recep Tayyip Erdogan erkläert, datt hien net kann de russeschen S400-System kafen, wann hien F35-Kampffliger wëll hunn. De tierkesche President huet sengersäits erwiedert, datt hie sech, entgéint der US-Aussepolitik, un seng Verträg géif halen an d‘Tierkei e souveräänt Land ass, dat seng Entscheedunge selwer hëlt. © Natalya/IMmov

Related topics Ankara, F35-Kampfjet, Moskau, NATO, Pentagon, S400, US-Sanktiounen
Next post Previous post