Search

You may also like

Stellungnam vun der Stad Lëtzebuerg zur Vëlosmaniff
Neiegkeeten

Stellungnam vun der Stad Lëtzebuerg zur Vëlosmaniff

No der Verëffentlechung vun engem Pressecommuniqué an engem Itineraire, am

Op Vältesdag gitt dir vu Lëtzshop gratis beliwwert
Neiegkeeten

Op Vältesdag gitt dir vu Lëtzshop gratis beliwwert

Dem Lëtzebuerger Eenzelhandel ënnert d‘Äerm gräifen, dat ass déi eigentlech

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs
Neiegkeeten

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Dem Mahmoud Abbas, President vu Palestina, geet de Beholl an

„Wat äntweren?“ – De Planning Familial lancéiert en neie Projet

„Wat äntweren?“ – De Planning Familial lancéiert en neie Projet

De Planning Familial huet en Dënschdeg de Projet „Wat äntweren?“ lancéiert, deen Elteren hëllefe soll d’Froe vun hire Kanner ze beäntwerten – zemools wann et ëm déi emotional a sexuell Gesondheet geet.

„D’emotional a sexuell Gesondheet vu Kanner a Jugendlechen ass nach ëmmer en Tabuthema, dat net oft thematiséiert gëtt. Dobäi ginn et ganz vill Informatiounen, mä Kanner a Jugendlecher ginn oft mat spontanen Informatioune konfrontéiert, déi net ëmmer wëssenschaftlech, verifizéiert a vu gudder Qualitéit sinn“, heescht et säitens dem Planning Familial.

Aus dësem Grond gouf elo, mat der Ënnerstëtzung vum SCRIPT an anere Partenairen, dëse Projet lancéiert, deen Elteren a Fachleit déi richteg Rotschléi soll ginn. Si sinn um Internet a Form vu Fichen accessibel.

Och de Pedagogen soll eng Hëllefsstellung ugebuede ginn, wann d’Elteren Ënnerstëtzung beim Dialog mat de Kanner brauchen. Jugendlecher schummen sech dacks an entscheede sech am Internet ze informéieren. Dëst kann zu komplexe Situatioune féieren.

Ee Konzept, dat op reale Froe vu Kanner, Jugendlecher an Elteren baséiert

D’Haaptprinzipien vu „Wat äntweren?“ sinn:

  • D’Kand muss mat senge Froen an de Mëttelpunkt vum Projet gestallt ginn;
  • E soll d’Elteren, d’Schoulpersonal op eng neutral Perspektiv sou wéi op d’sexuell Rechter uschwätzen;
  • Den Alter soll respektéiert ginn, an Expertise an der Matière muss berécksiichtegt ginn;
  • Probéiert den éischte Schratt ze maachen;
  • Respektéiert jiddereen, gitt mam gudde Beispill vir;
  • Reflexioun zum Agräife vun den Elteren;
  • Frot Fachleit no Hëllefsmëttel oder Formatioune fir méi wäit ze goen.

De Projet ass exklusiv op Lëtzebuergesch. D’Fiche bidden eng Aféierung an déi ënnerschiddlech Themen, ënnert anerem fräi iwwert seng Sexualitéit ze entscheeden, e Partner ze hunn (oder eben net), Kanner ze kréien (oder eben net), a wann, da fräi vun Diskriminéierung a Gewalt. Aner Theme sinn och Pubertéit, sexuelle Mëssbrauch, sozial Netzwierker, romantesch a familiär Bezéiungen, asw.

De Planning Familiale steet fir all Fro oder Hëllef zur Verfügung – fir jiddereen. Den neie Projet fannt Dir ënnert www.watantweren.lu.

Related topics Elteren, Ënnerstëtzung, Jugendlecher, neutral Perspektiv, Pedagogen, Planning Familial, SCRIPT, Sexuell Gesondheet, Wat äntweren?
Next post Previous post