Search

You may also like

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?
Neiegkeeten

Affär Epstein: Hu seng Giischtercher gepennt statt uecht ze dinn?

Eigentlech ass et en Trappewitz vun der Geschicht, an déi

USA: Déidlech Stuermfront iwwert de Südstaaten
Neiegkeeten

USA: Déidlech Stuermfront iwwert de Südstaaten

Eng massiv Stuermfront huet op hirem Wee duerch d‘Südstaate vun

Francofolies 2021: „Ici c‘est Esch“!
Neiegkeeten

Francofolies 2021: „Ici c‘est Esch“!

Et wier bal een normale Festival, huet sech den Direkter

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?

Nodeems bei der Chambersitzung vum 8. Januar dat neit Covid-Gesetz vun der Majoritéit ugeholl ginn ass – dëst gëllt iwwregens bis den 31. Januar – hunn d’Regierung an d’Stad Lëtzebuerg e puer Prezisiounen erausginn, wat erlaabt ass. Hei fannt Dir all essentiell Informatiounen nach emol zesummegefaasst.

Generell ginn dobäi nees d’Mesuren ergraff, déi virun de Feierdeeg Enn 2020 a Kraaft waren. Dozou gehéiert, datt d’Spärstonn zeréck op 23 Auer verréckelt gëtt.

Ënnerstëtzt den Horesca-Secteur!

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet erkläert, datt besonnesch den Horesca-Secteur en héije Risiko bei der Verbreedung vum Coronavirus opweist. Aus dësem Grond mussen d’Restauranten, Caféen a Co hir Diere bis Enn Januar nach zou loossen. Dëst trëtt och fir gastronomesch Offeren a Muséeën, Theateren a Co an.

De Liwwerdéngscht, respektiv d’Iesse fir matzehuelen sinn déi eenzeg Méiglechkeeten, wéi hir Aktivitéite kënnen oprecht erhale ginn. An dësem Kader leescht Dir, léif Lieser, eng gutt Dot, wann Dir bei Ärem Liiblingsrestaurant bestellt, respektiv emol en neit Etablissement ausprobéiert.

A wéi gesäit et mat der Schoul aus?

No enger Woch Schoul doheem, fonctionnéiert d’Educatioun erëm nom selwechte Modell, wéi virun der Chrëschtvakanz. Heibäi sief ervirgehuewen, datt den Educatiounsminister Claude Meisch als Eenzegen keng informativ Pressekonferenz zu sengem Kompetenzberäich ginn huet. Dofir verweise mir op eisen Artikel vum 26. November 2020.

D’Butteker sinn op

Ab haut sinn dann och erëm déi Geschäfter op, déi keng essentiell Wueren ubidden. Allerdéngs gëtt hei op d’Verkafsfläch gekuckt, wouduerch pro 10 m² ee Client dierf eragelooss ginn. Huet de Buttek manner wéi 20 m² dierfe just 2 Clienten gläichzäiteg empfaange ginn. Akafszenteren mat Geschäfter vu jeeweils 400 m² oder méi mussen e Gesondheetsprotokoll erstellen, dee vun der Gesondheetsdirektioun muss ugeholl ginn.

D’Kultur otemt op

Spektakelen dierfen nees stattfannen, Theatere, Kinoen a Bibliothéiken erëm opmaachen. Generell gëllt, datt bei enger Opféierung e Maximum vun 100 Persounen am Publikum sëtzen dierf. D’Spectateure mussen dobäi de Mask ubehalen an eng Distanz vun 2 Meter zur nächster Persoun halen.

Guidéiert Visitte dierfe mat bis zu 10 Persoune organiséiert ginn. D’Droe vum Mond-Nues-Schutz ass obligatoresch.

Professionellen Artisten ass et erlaabt ouni Mask an Distanz ze prouwen, wärend fir d’Amateur déi generell Reegele vun de Rassemblementer antrieden (bis zu 4 Persounen: kee Mask; tëscht 5 an 10 Persounen: Maskeflicht an Distanz vun 2 Meter; tëscht 11 an 100 Persounen: Mask, Distanz an zousätzlech Sëtzflicht).

D’Stad Lëtzebuerg huet an engem ergänzende Communiqué Prezisiounen zu den Ëffnungszäite vun der Villa Vauban, dem Lëtzebuerg City Museum, den Theatere vu der Stad Lëtzebuerg, dem Conservatoire, der Cinemathéik a Fotothéik, sou wéi senge Bibliothéiken an Archive ginn. All Informatioune fannt Dir HEI.

Sport ënnert strengen Oplagen

Eng physesch Aktivitéit auszeüben ass eleng oder zu 2 ouni Mask an Distanz erlaabt. Gruppe bis zu engem Maximum vun 10 Persoune mussen d’Distanz anhalen.

Geet de Sportler an eng bestëmmt Anlag trainéieren, gëtt den Terrain behandelt wéi am Commerce. Domat muss enger Koppel jeeweils 25 m² pro Persoun zur Verfügung stoen, fir 3 bis 10 Persoune jeeweils 30 m² pro Sportler. Am Bausseberäich dierfe maximal 2 Gruppe vu bis zu 10 Sportler aktiv sinn. Ma, och an de Vestiairen ass e Maximum vun 10 Persounen erlaabt.

De Fitnesszenteren ass et geneemegt, onofhängeg vun hirer Fläch, en Total vun 10 Persounen – Personal inclus – ze empfänken.

Och Schwämmen dierfen op en naasst Erliefnis alueden. Am 50 Meter-Basseng dierfe sech 6 Sportler befannen, wärend pro 25 Meter-Couloir maximal 3 Persoune schwammen kënnen. Ëm eng Umeldung am viraus kënnt een net ronderëm.

Am sportleche Beräich bleift nach festzehalen, datt weder beim Training, nach bei Competitiounen Spectateuren zougelooss sinn. De Sportsministère huet e Stock vu 50.000 Schnelltester ugeluecht, déi op fräiwëlleger Basis duerchgefouert ginn.

D’Stad Lëtzebuerg informéiert an dësem Kader separat zu de Sportscoursen, de Piscinnen a Sportshalen, sou wéi zum Skatepark Hollerech, de Bike Park Boy Konen an d’Schlittschongspist op der Kockelscheier. D’Zesummefaassung fannt Dir HEI.

E Go fir d’Klappjuegd

Ab haut ass d’Klappjuegd nees erlaabt, gëtt awer als Rassemblement definéiert, wouduerch sech d’Jeeër u folgend Reegelen hale mussen.

  • Rassemblementer tëscht 4 an 10 Persounen: Jiddwereen muss e Mask un hunn an d’Distanz vun 2 Meter anhalen;
  • Gruppéierung tëscht 11 an 100 Persounen: Ob baussen oder bannen, d’Participante mussen e Mask un hunn, d’Distanz vun 2 Meter anhalen an eng Sëtzplaz zougewise kréien;
  • All Rassemblement iwwer 100 Persounen ass verbueden.

Dës weideren bleift och d’Restauratioun weiderhi verbueden, wouduerch déi traditionell Iessen ewechfalen. D’Gesetz mécht keen Ënnerscheet, ob een elo dobaussen oder dobannen ësst. Och den Alkoholkonsum ass verbueden.

Duerch d’Evolutioun vun der Pandemie kann et ëmmer zu Ännerungen am Covid-Gesetz kommen.

Related topics Chambersitzung, Commerce, Covid-19, Ëffnungszäite, Erlaabt, Gesondheet, Horesca-Secteur, Moossnamen, Reegelen, Schoul, Spärstonn, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post