Search

You may also like

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Neiegkeeten

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Autocross: Kevin Peters weider am Gléck
Neiegkeeten

Autocross: Kevin Peters weider am Gléck

De fënnefte Laf vun der Autocross Europameeschterschaft ass leschte Weekend

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!

Den 1. Juni steet ganz am Zeeche vun de Kanner.

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Wat ass um Streckeradar esou schwéier ze verstoen?

Et gouf, et kann een et net anescht soen, grouss, laang a breet ugekënnegt, datt de Streckeradar Waldhaff-Gonnereng, vu senger Pilotphas an de Regelbetrib géif iwwergoen. Dat war ab leschte Méindeg 15. Juni dann esou och de Fall. An och dat ass vun de Medien ëmfangräich matgedeelt ginn. Wierklech ukomm ass d‘Message bei de Leit awer nach net, wéi no enger Woch gewosst ass.

Bannent enger Woch (Zäitraum 15. bis 19. Juni), esou den éischte Bilan, hunn d‘Streckeradaren 121 Geblëtzt, déi deenen de Prinzip vum esou enger Geschwindegkeetsiwwerwaachung nach net esou richteg verënnerlecht hunn. D‘Verstéiss si wuel net „grave“, well just ee Kandidat muss den deiere Protokoll vun 145 (+2 Punkten) Euro berappen, all déi aner participéiere mat 49 Euro.

Gemooss gëtt déi duerchschnëttlech Vitesse (90 Km/h fir Autoen / 75 Km/h fir Camionen) tëscht der Entrée an der Sortie vum Streckenofschnëtt. Et ass also net fir wéi Dabo virum „Discopoul“ op d‘Brems ze trëppelen an hannendrun nees d‘Schlapp ofzetrëppelen. Wie konstant seng Vitesse net iwwer 90, respektiv 75 Km/h hält, sech also un déi virgeschriwwe Vitesse hält, huet kee Problem.

Elo gëtt natierlech ëmmer nach Leit déi der Usiicht sinn, datt dës Radare geduecht wieren dem Automobilist de leschte Cent ofzeknäppen, woubäi dat kee fundéiert Argument ass. Et huet ee sech jo och op deene Strecke wou et keng Radare gëtt un d‘Vitesse ze halen, a wann d‘Police do d‘Vitesse kontrolléiert gëtt de Verstouss net anescht behandelt. Wien sech behëlt spuert Geld…

Illustratioun: Op enger längt vu ronn 4 Kilometer préift en Ensembel vu Radaren déi gefueren Duerchschnëttsgeschwëndegkeet. Dat schéngt nach net vun alle Leit verstanen ze sinn, firwat e Rappell dréngend noutwenneg ass. Hei dann also nach eng Kéier d‘Kaart, de Fall gesat et wéisst een net wou dat stattfënnt. Gemälleg kënnt een einfach besser duerch d‘Liewen.

Related topics Streckeradar, Vitessekontroll, Waldhaff-Gonnereng
Next post Previous post