Wat een am Mäerz nach maache kann

Grad eréischt Silvester gefeiert, elo hu mir scho Mäerz. Déi éischt Ouschterblumme sinn ze gesinn, d’Sonnestrale schéngen an déi dreckeg Fënsteren.

Et gëtt also Zäit fir d’Fréijoersbotz. Elo geschwënn gi mir mat sonnege, méi waarmen Deeg verwinnt, da verschwënnt och endlech de Wanterblues. Déi éischt Glace op der Terrass léisst net méi laang op sech waarden.

Ma wat kann een dann nach maachen?

Ewéi schonn gesot – d’Fréijoersbotz. D’Deeg gi méi laang, dat hellt Dagesliicht ass schounungslos. Also muss de Wanterdreck ewech. Dat ass net nëmme gutt fir d’Aen, mee och Fitness. Et gi jo schliisslech Kalorië verbrannt. Et ass och schéin sech selwer mat engem Bouquet Blummen ze verwinnen – da kann een de Joreszäitewiessel richen. Ma dat hieft net nëmmen d’Stëmmung, et verzaubert dat ganzt Haus mat Fréijoersgefiller.

Endlech kann de Kleederschaf ausgemëscht ginn. D’Wanterpullover kënnen ganz hannen hin geluecht ginn. Och wann se esou schéi gemittlech sinn – brauche wäerte mir se net méi, bei 12 Grad dobaussen ass dat net méi néideg.

Schéngt d’Sonn? Wéi wär et mat engem spontane Spadséiergang am Park? Dat hält net nëmme fit, d’Sonn versuergt eis mat enger gudder Portioun Vitaminn D.

Schéin ass et, datt et elo méiglech ass, déi méi laang Deeg ze genéissen. Mëttlerweil ass et nom Feierowend nach hell – nach net vill, ma et fänkt schonn un. Zäit fir een Extra-Tuer ze trëppelen oder einfach op enger Bänk de Moment genéissen.

Äddi Wanterblues!

Et ass un der Zäit, sech vun de schwéiere Méint vun der Melancholie ze verabschiden an déi nächst Méint ze genéissen. Eben dat Bescht draus maachen, ier en erëm un der Dier klappt.

Dernières nouvelles