Wat een am Juni maache kann

De Juni ass ee spezielle Mount am Joer. D’Hallschent vun den 12 Méint ass schonn eriwwer. Et ass déi perfekten Zäit eng gutt Portioun Vitaminn D ze tanken a laang Spadséiergäng ze maachen.

Ee Besuch an der Schwämm ass sécherlech och geplangt. Ma wat mécht de Juni nach besonnesch? Äerdbieren. Se liichten eis knallrout un a sinn absolut lecker. Ausserdeem kann ee wierklech alles domat maachen – mam Müsli vermëschen, baken, Limonad oder souguer eng Zalot.

Am beschte sinn se natierlech ganz einfach mat Ram an e bëssen Zocker, ma dat entscheet jiddwereen fir sech.

Wann ee mam Auto ënnerwee ass, begéinen eis wonnerschéi faarweg Felder – voller Blummen. Dës si perfekt fir flott Fotoen oder ee selwer gepléckten Bouquet. Do weess ee wéinstens wou se hierkommen a wéi frësch se sinn.

Wat nawell och grouss Freed mécht, si Spillplazen, sief dat mat oder ouni Kanner. Heiansdo ass ee gutt Buch déi beschte Gesellschaft an d’Atmosphär esou wéi d’Kannerlaachen am Hannergrond, suerge fir ee flotten Nieweneffekt.

Dat wollt ech schonn ëmmer emol maachen

Jiddweree vun eis huet esou ee Wonsch. Ee Wonsch, deen op enger Lëscht steet an net ëmgesat gëtt, well et Dausend aner Saache ginn, déi Virrang hunn. Domat ass elo Schluss! Maacht et. Fänkt mat de Virbereedungen un. Erzielt är Pläng de léifste Matmënschen, loosst iech vun hinnen ënnerstëtzen. A loosst iech dobäi och vum Juni a sengen ënnerschiddlechen Andréck matrappen. Et gëtt näischt ze verléieren.

Dernières nouvelles