Search

You may also like

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet
Neiegkeeten

Alles verstanen? – Fréijoersmiddegkeet

Et ass Fréijoer an d‘Natur erwächt zu neie Liewen… just

Lëtzebuerger Lidder: Ee Buch liesen an doraus sangen!
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder: Ee Buch liesen an doraus sangen!

Lidder erzielen eis meeschtens eng ganz, awer genee esou interessant

Koalitiounsaccord: D‘Positioun vum OGBL
Neiegkeeten

Koalitiounsaccord: D‘Positioun vum OGBL

Wann net alles am Koalitiounsaccord vun der Regierung „gutt“ ass,

Wat geheim ass muss geheim bleiwen

Fir d‘Sécherheet vun de Policefichiere sollen elo 21 Milliounen Euro agesat ginn

Wat geheim ass muss geheim bleiwen

Et hat wéinst de Policefichieren an aner dubiéis Datebanken – déi et esou gesinn net gëtt, oder et zumindest net hätt dierfe ginn – 2019 eppes vill Gedauschs ginn. Nodeems den deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet, François Bausch, behaapt hat, datt et keng esou Fichiere gëtt, fir da sechs Méint drop 62 Datebanken zouzeginn; ass et elo um Henri Kox dat gliddegt Eisen unzepaken.

Den Henri Kox, dee grad wei de Parteikolleg ee grousse Verdeedeger vun der Transparenz ass an sech fir ee bessert Versteesdemech tëscht der Bevëlkerung an dem Rechtsstaat asetzt, huet den 30. Dezember der Chamber de Gesetzprojet 7741 virgeluecht. An dësem ass enthalen, datt et zu enger vollstänneger Iwweraarbechtung vun den Datebanke vun der Police komme muss, an dat dann och entspriechend den aktuellen Dateschutzrichtlinnen.

Op et dem Staat, der Police an de juristeschen Instanzen am allgemengen elo drëms geet de Bierger ee bessere Schutz zouzesécheren oder elo besser muss uecht gedoe ginn, datt esou Datebanke besser geschützt musse ginn, dierf hannerfrot ginn. Dës Regierung hat mam modifizéierte Covid19-Gesetz jo nees mam oppene Gedanke gespillt, d‘Gielemännercher am Land zu neien Doten ermonteren.

Et muss een dann der Regierung awer zerguttst halen, datt trotz Widderstand aus den eegene Reien, de ganze System op de Leescht geholl ginn ass. Esou konnt bestätegt ginn, wat längst kengem méi friem war. Offiziell huet et do geheescht, datt d‘Police (an all déi aner déi Zougrëff hunn) d‘Daten ouni Berécksiichtegung vun der Dateschutzveruerdnung genotzt huet. Natierlech gouf Versprach, datt et hei zu enger weeweisender Reform kënnt.

Dës Reform soll mam elo deponéierte Gesetzprojet 7741 ugestouss ginn. Elo si Reformen näischt wat een iwwert de Knéi brieche kann, a wann et schonn 18 Méint brauch fir dës Reform an een Text ze verwandelen, dierf ersiichtlech sinn, dat d‘Ëmsetzung vun dëser, net iwwer Nuecht stattfanne kann. Et ass jo immens komplex an et schéngt net einfach ze sinn alles anerwäerts ënnerzebréngen.

Wéi eescht et der Regierung, a méi prezis dem Minister fir bannenzeg Sécherheet ass, an dësem Dossier séier Äntwerten ze fannen, mat deenen d‘Bierger nees roueg gestallt kënne ginn, erkennt een un der Tatsaach, datt 2021 emol eng Etüd soll gemaach ginn. Dofir brauch et natierlech extern Experten an deene ginn dofir 869.000 Euro fir d‘Studien zur Verfügung gestallt. Gewosst ass, datt déi national Dateschutzkommissioun (CNDP) dat net kann.

Wann dës Etüd – vermuttlech vun amerikaneschen, well vertrauenswierdeg, IT-Spezialisten – dann déi entspriechend Mesuren a Grondlagen zur weiderer Notzung vun den Datebanken ausgeschafft hunn, sollen all Joer bis zu 5 Milliounen Euro an d‘Ëmsetzung vun den Erkenntnisser investéiert ginn. Dat da fir den Zäitraum 2022/25. Gett alles gebraucht, kéimen 21 Milliounen Euro zesummen.

Illustratioun: Wa gewosst ass, datt d‘Regierung d‘Date vun alle Mënschen déi geimpft ginn, 20 Joer laang an enger Datebank wëll versuergen an zwar ouni datt een deem muss zoustëmmen, et generell beim elektronesche Patientendossier ganz berechtegt Zweiwel huet an deemnächst och mam System „Smart City“ ee weideren Iwwerwaachungsmechanissem agefouert gëtt, stinn eis nach Skandaler an d‘Haus. © Ferenc Almasi / unsplash

Related topics Dateschutz, Geheim Datebanken, Gesetzprojet 7741, Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Policefichieren
Next post Previous post