Search

You may also like

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie
Neiegkeeten

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie

Säit gëschter ass Kanada dat éischte Land vun de G20,

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!
Neiegkeeten

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt

D‘POST Lëtzebuerg kämpft sech duerch d‘Päck
Neiegkeeten

D‘POST Lëtzebuerg kämpft sech duerch d‘Päck

De privatiséierte Staatsbetrib POST Lëtzebuerg – dee wéinst de massive

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?
Des Fro stellt sech d’Sylvie Mischel op Facebook. D’Presidentin vun den adr-Fraen reagéiert domatter op eng RTL-Reportage, déi weist, wéi d’Organisatioun En Marche Luxembourg sech fir den Macron als Präsidentschaftskandidat am zweeten Tour asetzt. Dobäi ginn virun allem déi franséisch Frontalieren ugeschwat.

Source: Facebook/Screencap
Mir erënneren eis: Am éischte Walgang vum 23. Abrëll hunn d’Fransousen den Emmanuel Macron (EM) an d’Marine Le Pen (FN) an déi zweet Ronn bruecht. Et läit nëmmen wéineg Loft tëscht deenen zwee Kandidaten: De Macron krut 24%, d’Kandidatin vum Front National dogéint der 21,3%. Den zweeten Tour fënnt den 7. Mee statt.
Virum Hannergrond vum Erdogan sengem ëmstriddene Walkampf an Däitschland als och an Europa, ergëtt sech domadder d’Fro vum Sylvie Michel, déi an hirem Facebook-Post verlaangt, datt do gesetzlech nogebessert gëtt an sech ënnert anerem freet, firwat des Organisatioun net verbuede ginn ass.
Wéi genau dat zu Lëtzebuerg gereegelt gëtt konnte mir nach net gewuer ginn. An Däitschland ass de Wahlkampfoptrëtt vun tierkesche an aanere Politiker och eendeiteg gereegelt. Sou berifft sech Der Tagesspiegel op dat däitscht auswäertegt Amt.
Next post Previous post