Wat Kucks du?

De Gesondheetsministère informéiert: ab dem 8. November huet eng vereinfacht Prozedur fir sech ee Rendez-vous zur Iwwerpréiwung vun der Siicht vun de Kanner ze huelen. Dës Preventioun huet dann och nei Nimm kritt, engersäits de „Vision Test 10“ an anersäits de „Vision Test 40“. Wat huet et domadder op sech?

Den Aentest „Vision Test 10“ ass fir Kanner vun 10 Méint, de „Vision Test 40“ fir Kanner vu 40 Méint. Fir all Kand datt dëse bestëmmten Alter erreecht, gëtt et automatesch eng Invitatioun zum Depistage. Woubäi „Invitatioun“ trëfft et net ganz, villméi kréien déi Erzéiungsberechtegt an dësem Courrier ee fir véier Méint gültege Code, mat deem ee sech den Rendez-vous da via MyGuichet ka fänke goen. Hei huet et awer ee puer Saachen déi ee wësse sollt.

Eng Authentifikatioun op MyGuichet ass jo net zwéngend (LuxTrust huet jo net jiddereen – en Accès zum Internet allerdéngs och net. NvdR) et kann een also ëmmer op de Site zougräifen och ouni sech ze identifizéieren. Hei muss ee sech dann dem Code bedéngen, an de Rescht sollt engem dann op der Säit erkläert ginn. Et heescht et misst ee sech just un d‘Prozedur halen, fir op de Kalenner mat de Rendez-vousen zougräifen ze kënnen.

Déi Erzéiungsberechtegt kënnen sech hei also deen Datum eraussichen deen am beschte passt. Huet een déi Prozedur iwwerstanen, sollt engem eng Bestätegung per eMail zougestallt ginn. Dës Demarche, esou de Ministère ass esouwuel fir de Site wéi fir d‘Applikatioun MyGuichet.lu valabel an ass vun den Experte vum Zentrum vun den Informatiounstechnologie vum Staat (CTIE) ausgeschafft ginn. Domadder wier séchergestallt datt et klappt.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt fir den Dag wou de Rendez-vous geholl ginn ass, d‘Kand och vun enger anerer Persoun, wéi dem Erzéiungsberechtegten dierf begleet ginn, wann dëse sollt verhënnert sinn. D‘Bestätegung vum Rendez-vous (op Pabeier oder am digitale Format) muss een allerdéngs virweisen. Et soll een doriwwer eraus och de Gesondheetscarnet vum Kand mat bréngen, hei ginn da jo och d‘Resultater vum Depistage agedroen.

Illustratioun: © Edi Libedinsky / unsplash

Dernières nouvelles