Search

You may also like

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
Neiegkeeten

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

De laangen Aarm vun der US-Justiz
Neiegkeeten

De laangen Aarm vun der US-Justiz

Vill Mënsche wäerten sech net méi un déi Julian Assange

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen
Neiegkeeten

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen

Solidaritéit an Traditioun, Matgefill a Mënschlechkeet, dat sinn d‘Atoute vum

Wat soss nach am Land esou lass war

Zu Hesper hunn nees Autoe gebrannt an zu Käerjeng war een eppes presséiert

Wat soss nach am Land esou lass war

Nodeems et schonn e Sonndeg zu Hesper zu engem Brand un zwee Gefierer komm war (mir hate Bericht) hunn d‘Polizisten an der Nuecht vum 2. op den 3. Januar op e neits wéinst Feier missen agräifen. Zu Käerjeng war e Mann därmoosse presséiert, datt hien elo ze Fouss ënnerwee ass.

Hesper: een nom aneren…

Zu Hesper huet eng Policepatrull um 0.50 Auer an der Gässel-Strooss eng Dampentwécklung bemierkt, a bei méi geneeër Betruechtung misse feststellen, datt den hënneschten Deel vun enger Camionnette a Flame gestanen huet. Et gouf net laang gezéckt, a mat hire Feierläscher hunn déi zwee Polizisten de Brand agedämmt. De CI-Hesper war op d‘Plaz geruff ginn, an huet iwwerholl.

Keng Dräivéierelsstonn méi spéit, ass der Police e brennenden Auto an der Béiwenger-Strooss zu Réiser gemellt ginn. Déi Hesper Polizisten hu sech begannt, mee konnten op der Plaz just feststellen datt d‘Gefier, dat op engem ëffentleche Parking stoung, mat Feierläscher net méi ze rette war. Déi lokal Pompjee ass erbäigeruff ginn, an huet sech ëm alles gekëmmert.

Nodeems et an der Géigend scho leschte Sonndeg zu Feier u Gefierer komm ass, kann e Verbriechen net ausgeschloss ginn. Eng Enquête soll elo klären op et sech an dëse Fäll ëm Brandstëftung handelt. A béide Fäll goufe keng Persoune blesséiert, de Materialschued ass erhieflech.

E schlechten Tosch

Um kuerz no eng Auer hunn d‘Polizisten, déi hire Kontrolltour duerch Käerjeng net schlecht gestaunt, wéi hinnen en Auto opgefall ass, deen iwwer Lëtzebuerger-Avenue a Richtung Schuller „geflunn“ ass. Do war een zimlech presséiert, firwat d‘Beamten sech hannendru gehaangen hunn. Si hunn d‘blo Luuchten ugemaach, mee de Pilot virun hinnen huet net drop reagéiert.

Esou ass dësen aussergewéinleche Konvoi mat iwwer 110 km/H duerch d‘Uertschaft gefligert. Wéi si aus Käerjeng eraus waren, huet sech de Pilot besënnt an ass stoe bliwwen. De Polizisten huet de Mann versicht ze erklären, datt hien: a) d‘blo Luuchte guer net bemierkt hätt, a b) et him net opgefall wier, esou „séier“ gewiescht ze sinn. Hie krut de Protokoll, d‘Police de Führerschäin.

Related topics Feier, Gefor, Police, Pompjeeën, Vitesse
Next post Previous post