Search

You may also like

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?
Kultur Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?

Um haidege Sonndeg wielt Éisträich an de Sebastian Kurz läit

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Presserot fuerdert däitlech méi Zougang zur Informatioun

Fir hei am Land als Journalist un Informatiounen ze Kommen,

Facebook ännert sech. Mir erklären, wat dat fir dech bedeit!
Kultur Neiegkeeten

Facebook ännert sech. Mir erklären, wat dat fir dech bedeit!

Sech mat Frënn a Famill a Verbindung setzen – dat

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer

Dat weltwäit bekannten Event vun den Internationale Filmfestspiller vu Cannes huet haut Gebuertsdag. Nodeems d’Editioun 1939 ofgesot gouf, konnt de Festival siwe Joer méi spéit seng Première feieren.

Déi alleréischt Filmfestspiller vu Cannes sollte vum 1. bis den 20 September 1939 am städtesche Casino stattfannen. Enner der Leedung vun engem Organisatiounscomité, mam Louis Lumière, Erfinder vun der Cinematographie, als President gouf de Filmfestival als grousst Event ugekënnegt.

Leider misst dëst Event ofgesot ginn, wéinst dem germano-sovietesche Pakt. D’Touriste verloossen d’Stad, kuerz Zäit méi spéit fänkt de Krich un.

D’Responsabele vum Festival halen trotz allem un hirer Iddi fest a kämpfe fir eng éischt Editioun. Bis 1946 hunn se misse waarde fir de Festival um 20. September endlech ze starten.

„Et war den éischte Festival den sech der Welt an enger Aart Rausch offréiert huet, ënnert enger Sonn bis Mëtt Oktober schéngen duerft“, sou deemools de Philippe Erlanger, Matbegrënner vun den internationale Filmfestspiller vu Cannes.

D’Event ass ee vollen Erfolleg an geet an Geschicht an mat de grousse Filmgréisste wéi de Roberto Rossellini, Walt Disney oder Jean Renoir.

Bis haut zielt Cannes als een vun de bekanntste Filmfestspiller weltwäit, wou all Joer déi beschte Filmer ausgezeechent ginn. Bei den 71. Internationale Filmfestspiller, déi vum 8. bis den 19. Mee 2018 waren, gouf da beispillsweis de Film „Shoplifters“ vum Hirokazu Koreeda mat der Palme d’Or geéiert.

Quell: www.festival-cannes.com

Related topics Cannes, Filmfestspiller, Hirokazu Koreeda, Louis Lumière, What the Fakt
Next post Previous post