Wat esou op eise Stroosse lass war

De Policebericht huet nees vum Allem, leider wéi gewinnt wéineg Beräichenderes, loosst eis dat dann emol der Rei no ugoen.

Alkoholkontrollen op Unuerdnung vum Procureur

Tëscht dem 26. a 27. November huet et uechtert d’Land verschiddentlech Verkéierskontrollen no Artikel 12 §3 Alinea 8 vum modifizéierte Gesetz vum 14. Februar 1955 ginn. Esou ee Mol an der Stad Lëtzebuerg (Escher Strooss, Boulevard Groussherzogin Charlotte, Neiduerfer-Strooss) tëscht 23 an 3.45 Auer. 174 Automobiliste goufe kontrolléiert; a 14 Fäll war den Otemtest positiv. Et sinn néng Protokoller a fënnef taxéiert Avertissementer ausgestallt ginn. Véier Führerschäiner goufen agezunn.

An der Regioun Südwesten, hunn d‘Kontrollen zu Uespelt (N13 an N16) an um Schlammesté (N3 a CR132) stattfonnt. Hei goufen 128 Automobilisten dem Alkoholtest zougefouert. A siwe Fäll war dee Positiv. Et sinn 2 Protokoller an een taxéierten Avertissement ausgestallt ginn. An zwee Fäll ass de Führerschäin agezu ginn.

Och soss hat d‘Police opgepasst

Um Freideg (17.30 Auer) ass der Police an der Michel Thilges Strooss zu Wolz eng Fahrerflucht gemellt ginn. Hei war ee Gefier géint ee Gelänner gerannt, wat de Chauffeur net sonnerlech schéngt gekëmmert ze hunn, well dësen ass einfach weidergefuer. D‘Gefier samt Chauffeur war zäitno vun de Beamte lokaliséiert ginn. Den Alkoholtest bei dësem war positiv, de Führerschäi gouf ofgeholl an ee Protokoll erstallt.

Um 1 Auer an der Nuecht ass et zu Esch-Uelzecht an der Lëtzebuerger-Strooss, ass ee Gefier engem virausfuerenden hannendrop geknuppt. Eng Patrull huet op der Plaz nogekuckt a misse feststellen, datt de Chauffer eppes vill „intus“ hat. Och hei gouf de Führerschäin abehalen an ee Protokoll erstallt.

Eng Stonn drop ass dunn zu Diddeleng an der Käler-Strooss enger Patrull en Auto opgefall, dee sichtlech „ze séier“ aus Richtung Käl op si zougefuer koum. D‘Beamte waren zolidd beméit dem Chauffer unzeweise säi Gefier ze stoppen, mee dësem war net duerno, firwat dann de Polizist sech huet missen „aus de Féiss“ maachen, fir net vum Raudi matgeholl ze ginn. Et gouf d‘Poursuite an d‘Wee geleet.

Zu Diddeleng, op der Kräizung Käler-/Lëtzebuerger-Strooss ass de Pilot riicht ewech duerch Rout gefligert. Een onbedeelegten Auto wier hei ëm een Hoer getraff ginn. De flüchtege Won a de Chauffeur konnten awer eppes drop am Zentrum op engem Parking lokaliséiert ginn. Den Otemtest war positiv an de Führerschäi fort. De Procureur gouf – bezunn op de Kontext – informéiert, an dësen huet d‘Beschlagnam vum Auto ordonéiert. E Protokoll gouf och erstallt.

Am weider Verlaf vun der Nuecht op ee Samschdeg sinn nach emol zwee Automobilisten an der Stad wéinst hirer opfälleger Fuerweis ugehalen a kontrolléiert ginn. A béide Fall war de Verdikt vum Otemtest däitlech… an esou sinn och hei zwee Führerschäiner agezu ginn

Leider huet et och Accidenter

Um fréien Owend (18.30 Auer) gouf der Police zu Dikrech en Accident an der Strooss vum Palais gemellt. Hei war ee Foussgänger ugestouss ginn. Dësen huet vum CGDIS missen iwwerholl an zur Behandlung an d‘Spidol iwwerstallt ginn. Den Otemtest war positiv an de Führerschäin ass agezu ginn. D‘Police huet de Protokoll zum Accident erstallt.

Zu Hielem (20.15 Auer) ass zu Hielem an der Lëtzebuerger-Strooss eng Foussgängerin op engem Zebrasträife vun engem Auto, mam Säitespigel erfaasst a blesséiert ginn. Och si gouf vum CGDIS iwwerholl an an d‘Spidol iwwerstallt. D‘Automobilistin hat sech beim Virfall immens erféiert an huet ee Schock erlidden. Och si gouf zu Kontroll an d‘Spidol gefouert. Den Otemtest war negativ.

An de fréie Mueresstonnen (4.40 Auer) ass et an der Wierk-Strooss zu Rëmeleng zum Accident komm, nodeems en Automobilist d‘Gewalt iwwert säi Gefier verluer hat géint eng Hausmauer gedonnert ass. Heibäi huet sech de Chauffer liicht verletzt. D‘Rettungskräften hunn de Mann nach op Plaz misse verpléischteren, iert si dëse konnten an d‘Spidol iwwerstellen. Beim Automobilist war den Otemtest eppes iwwert dem Limitt (ënner 1,2‰). D‘Beamten hu protokolléiert.

Vu Kaméidismécher an erhëtzte Gemidder

Am Verlaf vu leschter Nuecht huet et net nëmme schlecht Beholl op de Stroosse ginn, zuweilen huet d‘Police an engen 20 Fäll wéinst der Stéierung vun der Nuetsrou missen agräifen. An de meeschte Fäll goung et ëm haart Musek aus Bistroen, Gebläers vun Nuetseilen an Op Radau agestallten Noperen. A bal alle Fäll konnt mat guddem Zourieden de Fridden nees hiergestallt ginn.

Zu Esch-Uelzecht huet dann awer misse géint de Patron vun engem Bistro ee Protokoll erstallt ginn. Zu Izeg gouf et ee Protokoll, well de Bedreiwer vum Bistro keng fräi Nuecht ugefrot hat. Dat hätt et eigentlech kënne sinn, mee no Mëtternuecht goufen der Police verschiddentlech Kläppereie gemellt. Dat an der Stad, zu Miersch an zu Esch-Uelzecht. D‘Police huet missen agräifen an och d‘Kloen entgéintgeholl. Ermëttlunge sinn d‘Wee geleet ginn.

Dernières nouvelles