Search

You may also like

Giel Gileten Akt XXI: Eng schwaach Virstellung
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXI: Eng schwaach Virstellung

Den 21. Manifestatioun-Samschdeg vum Mouvement „Giel Gileten“ war dee mat

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“
Neiegkeeten

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“

Päischtméindeg ass fir déi eng den Dag vum Gënzefest a

Wou de Wonsch net de Realitéiten entsprécht
Neiegkeeten

Wou de Wonsch net de Realitéiten entsprécht

Veriergert bis batter Enttäuscht, esou léisst sech den Toun am

Wat wëllen déi Konservativ?

Wat wëllen déi Konservativ?

Um Dënschdeg Owend hat déi kierzlech vum Joe Thein gegrënnte Partei „déi Konservativ“ eng Nationalkommiteeversammlung ageruff, déi awer kuerzer Hand zu enger ëffentlecher Sëtzung ginn ass. Tatsächlech huet d’Partei nei Membere gewonnen an déi waren natierlech interesséiert gewuer ze gi wat an noer Zukunft virgesinn ass.

Festzestellen ass, datt et bei hire Versammlungen nach vum Gefill hir chaotesch hir geet an dat, obschonns et een uerdentlechem „Ordre du Jour“ gëtt. Do ergräift da schonn emol einfach deen een oder aneren d’Wuert an et ass och elo net dat deen, dee grad d’Wuert huet, dann och ausschwätze gelooss gëtt. Dat alles dierf d’Partei am Ament nach op ee Mangel un Erfahrung drécken, mee et muss sech, besonnesch bei ëffentleche Versammlunge, awer iwwert den Androck deen esou ee Bild hannerléisst, Gedanke gemaach ginn.

De President huet, am Kader vu senge Méiglechkeete, fir Rou kënne suergen, stellt awer fest, datt eng vun den nächsten Depense wäert zugonschte vun enger Klack gemaach muss ginn.

Detailverléift

An engem Pressecommuniqué hat sech de President Joe Thein beschwéiert, datt seng Partei net ageluede gi war fir d’Ofkommes iwwert ee faire Wahlkampf mat dierfen ze ënnerschreiwen. Dat huet kuerz fir Opreegung bei de Membere gesuergt, konnt awer gekläert ginn, vu datt d’Partei ee Schreiwes kritt huet an deem ugebuede gëtt dat si dat dierfen nohuelen. Dat wëllen se dann och maachen, bestinn awer drop, datt den Datum vun der Ënnerschreift berécksiichtegt gëtt.

D’Parteisekretärin Monique Weber huet sech dem aktuelle Stand betreffend d’Zuel vun de Memberen zougewennt. Kotiséiert hu bis elo 37 Leit, am ganzen awer hunn sech bis ewell eng ronn 50 Leit ageschriwwen. De gréissten Deel vun dëse Memberen ass verständlecherweis aus dem Süde vum Land, mee et sinn der och vu Bäreldeng, Noumer a Schwéidsbeng derbäi. Och hei gouf et sëllech Interventioune, déi sech esouwuel fir eng méi aktiv Sich no neie Sympathisanten, wéi och iwwert d’Form vun der „Acquise“ ausgedréckt hunn.

Natierlech stinn och d’Gemengewahle bei den „déi Konservativ“ am Mëttelpunkt. Ugestrieft ginn zwou Leschten, eng ganz kloer zu Péiteng an déi ass och schonns bal komplett, déi aner soll zu Déifferdeng vum Mario May op d’Been gestallt ginn. Zu Déifferdeng wäert et allerdéngs net esou einfach sinn, zemools et u politescher Wahlkampferfahrung feelt an „déi Konservativ“ sech och d’Fro stelle mussen op se hir Militanten entspriechend kënnen opdeelen. D’Besoinen an d’Suerge vun de Bierger an deenen zwou Gemenge sinn ënnerschiddlech an dat bedeit datt et och zwee Programmer muss ginn.

Nei Gesiichter anstatt 1-Mann-Partei

Fir den Joe Thein ass et dann och néideg ze betounen, datt wann dee Schratt sollt gemaach ginn, de Fokus ganz kloer muss op eben de Gemengewahle leien an de Grondsazprogramm vun der Partei streng agehale ginn. Wichteg ass et dann och, datt Präsenz gewise gëtt. Hei op en neits vill Tëscheriff, mee zu gudder Lescht konnt festgeluecht ginn datt ee sech op de wichtegste Braderië mat engem Stand wëllt de Bierger virstellen an Äntwerten op hir Froe sollt parat hunn. Och virgesinn ass ee Parteifest, wat sech an der Form vun engem Grillfest duerstellt.

Präsenz soll awer och an de Medie gewise ginn, woubäi et hei gëllt opzepassen, datt propper kommunizéiert gëtt. Och soll verstäerkt mat Pressecommuniquéen op sech opmierksam gemaach ginn, woubäi de President dorop besteet, datt dës ëmmer vum Nationalkomitee mussen ofgeseent ginn.

Zu gudder lescht dierf dann nach dorops higewise ginn, datt de President grousse Wäert op ee basisdemokratesche Prozess bannent der Partei besteet. De Joe Thein well op kee Fall dat sech alles eleng ëm seng Persoun dréit, wourauser sech ofleede léisst, datt och aner Memberen sech mussen der Ëffentlechkeet stellen. Am Kloertext bedeit dat näischt anescht, wéi datt d’Land op den Ronndëschgespréicher an eventuell an den Medien, wäert nei Gesiichter kenne leieren. Dat dierft allerdéngs esouwuel fir d’Bierger zu Lëtzebuerg, wéi eben och fir d’Kandidaten eng Erausfuerderung ginn.

Bildzeil fir Thein: Un der Auer gedréint. Fir de Joe Thein, President vu “déi Konservativ” ass et fënnef vir zwielef. Kann hien seng Sympathisante fir den Wahlkampf fit kréien an op wat fir Moyennen ass et méiglech zouzegräifen? © moien.lu/MdL

 

Related topics déi Konservativ, Lëtzebuerg, Politik
Next post Previous post