Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Päischtkiermes an Urbanismus hunn d‘Akzenter vum Gemengerot gesat

Et sollt um Freideg, mat enger klenger Ausnam, eng Gemengerotssëtzung

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus
Neiegkeeten

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus

Nodeems e Méindeg de 37 järege Gökmen Tanis an engem

Staatsrot: déi gréng si schockéiert!
Neiegkeeten

Staatsrot: déi gréng si schockéiert!

Nodeems d‘Sam Tanson (déi gréng) an der Chamber „noréckelt“ well

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

Eng Broschür fir jonk Leit

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo seng nei Broschür zur Gläichstellung am Alldag erausbruecht a riicht sech dobäi virun allem u Jonker tëscht 12 an 20 Joer.

Op siwe Säite gräift We are equal op eng pedagogesch Aart a Weis d’Prinzipie vun der Gläichstellung op. Esou ginn ënnert anerem d’Ënnerscheeder an de Rechter, sou wéi d’Chancëgläichheet erkläert, ier ee sech op d’Dekonstruktioun vun de Stereotyppen bezitt. Op bewosst oder ënnerbewosst, eis Perceptioun an Erwaardunge spille geleeëntlech mat eise Viruerteeler a leeden eis esou duerch den Alldag.

We are equal

We are equal invitéiert jonk Persounen zu enger kritescher Reflexioun, bei der een hannert déi eege Viruerteeler kucke soll an d’Aen net viru sexistescher Diskriminatioun verschléisse soll. D’Broschür, déi vum Heather Kremer, Lëtzebuerger Konschtstudentin, illustréiert ginn ass, kann elo gratis um Ministère op franséischer an däitscher Sprooch bestallt ginn (secretariat@mega.etat.lu, Tel.: 247 85814).

Related topics Chancëgläichheet, Gläichstellung, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Stereotyppen, Viruerteeler, We are equal
Next post Previous post