Search

You may also like

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei
Neiegkeeten WTF

E Referendum fir d‘Sandweiler Märei

Dat ronnt Gebai zu Sandweiler, an deem d‘Gemeng ënnerbruecht ass,

Heftege Reen fuerdert éischt Affer
Neiegkeeten WTF

Heftege Reen fuerdert éischt Affer

Ronderëm d‘Mëttelmier huet d‘Natur seng ganz Gewalt agesat a fierchterleche

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!
Neiegkeeten WTF

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!

Et kléngt verréckt an dat ass och. Datt ee sech

surprise

Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?

Ehemoleg Staatsbetriiber si fier

Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?

Un der Spëtzt steet de Group Post Luxembourg mat ronn 4.350 Aarbechter. Dëst ass och sou déi eenzeg Firma am Beräich vun der Telekommunikatioun, déi an den Top 20 vum STATEC vertrueden ass. Gefollegt vum Groupe CFL am Transport Secteur mat ronn 4.170 Aarbechter an dem Groupe ArcelorMittal am Industrie Secteur mat 4.160 Aarbechter. Dës Entreprisen hunn alleguer mol eng Kéier dem Staat gehéiert oder sinn et haut souguer nach zum Deel.

De Groupe CFL läit esou virun den anere Betriber aus dem Transport Secteur, wéi der Luxair SA oder der Cargolux Airlines International SA. An ass esou de Patron vun de meeschten Aarbechter am ëffentlechen Transport.

Schlussliicht vun dëser Top 20 maache Firmaen BCEE mat 1.810 Aarbechter, elisabeth mat 1.710 Aarbechter an Compass Group Luxembourg mat 1.680 Aarbechter.

Wann ee Statistike vum STATEC awer nach méi genau ënnert Lupp hëlt, si virun allem Firmaen aus dem soziale Beräich déi Nues an dësem Ranking vir hunn. Dat sinn ënnert anerem Firmen, wéi den CHL, den CHEM, Fondation Hôpitaux Robert Schuman, Fondation Stëftung Hëllef Doheem oder elisabeth.

Mee och puer Banken hunn de Sprong an d’Top 20 gepackt. Un der Spëtzt vum Banke Secteur stinn BGL BNP Paribas, Groupe BIL an BCEE. Privat-Banke schneiden am Ranking besser of wéi d‘Staatsbank.

Dës Informatioune loossen sech aus dem Statec senger jäerlech Statistik iwwert den nationalen Aarbechtsmarché erausliesen. Déi si wéi all Joer den 1. Januar duerchgefouert an den 3. Juli 2017 verëffentlecht ginn.

Mee wat sinn hier Kritären iwwerhaapt?

Am Detail geet et bei der alljäerlecher Statistik vum STATEC dorëmmer, déi Haaptpatronen hei am Land opzelëschten an dat der Unzuel vun den Aarbechtsplazen no.

STATEC befaasst sech an dëser Statistik mat Firmaen, déi hire Sëtz hei am Land hunn an op mannst 90 Aarbechter beschäftegen.

D’Ëmfro bedeckt déi ekonomesch Aktivitéit vun de Sektioune B bis S vun der NACE Rév. 2 mat der Ausnahm vun:

  • Ëffentlech Gebaier déi enger schoulescher Tätegkeet noginn (section P)
  • Associatiounen déi nëmmen zäitweileg existéieren
  • Gemengewiese mat de jeeweilege Syndicaten
  • Eng Rei Aktivitéite vun Associatioune genausou wie Konschtaktivitéiten oder Spektakelen (section R)
  • Beschäftegungsmesuren

Dës Ëmfro wäert awer ni vollstänneg sinn; dat leit dorunner, datt all Firma selwer kann entscheeden, op se un der Ëmfro deelhuelen oder net an och dorunner op se dem STATEC d’Erlaabnis ginn d’Statistiken ze verëffentlechen.

Related topics Aarbechtsmarché, Lëtzebuerg, Statec
Next post Previous post