Search

You may also like

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)
Neiegkeeten

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt e Samschdeg, den 20 Juni 2020

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier

Fudder fir Impfskeptiker?
Neiegkeeten

Fudder fir Impfskeptiker?

Et huet eng Rei Länner an der Europäescher Unioun, déi

Wéi ass et dann elo mam 7. Abrëll?

Wéi ass et dann elo mam 7. Abrëll?

Fir gewuer ze ginn, op den Horesca-Secteur elo e Mëttwoch a siwen Deeg dierf d‘Clienten op sengen Terrassen empfänken, brauch et nach eppes Gedold. Dat soll muer, eventuell eréischt en Donneschdeg ofschléissend gekläert ginn. Dat mam „Regëster“ schéngt awer vum Dësch ze sinn.

Zanter ausbaldowert gouf, datt de 7. Abrëll nees kann ee Patt geholl an ee Maufel giess ginn, ass eng Aart Opbrochstëmmung ausgebrach. Dozou kënnt, datt d‘Fréijoer definitiv schéngt ukomm ze sinn, wann et och déi aner Woch nees soll eekeleg kal ginn, méiglecherweis esouguer Schnéi fale sollt. Trotzdeem huet sech gëschter d‘Gesondheetskommissioun, mam Thema beschäftegt.

De President vun der Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo (LSAP), dee wuel och nees wäert als Rapporteur vum Gesetz un d‘Tribün an der Chamber trieden, huet ee Méindeg jiddefalls gemengt, datt ee gewëllt ass den Text mam Amendement fir d‘Ouverture vun den Terrassen – dat natierelch ënner ganz strengen Oplagen – unzehuelen. Dat awer ënnert der Konditioun, datt sech elo net nach op de leschte Meter eng Konterindicatioun opdeet. Nach ass net alles iwwerstanen

Fir den Ament also, gëtt et nach eppes Ongewëssheet, wéi et sech elo fir den Horesca-Secteur, deen ufänkt d‘Läpper hänken ze loossen, entwéckele kann. Woubäi et do Leit gëtt, déi da mengen, datt sech d‘Regierung vill ze wäit aus der Fënster geleent huet, fir nach emol d‘Ausso ze revidéieren. Et ass allerdéngs wichteg, datt si zäiteg Bescheed gesot kréien, well dat ganzt muss organiséiert ginn.

Dateschutz ass wichteg

Wann dann nach gewosst ass, datt d‘Regierung an engem éischten Ulaf déi gutt Iddi hat, dësem Secteur ee Regëster opzëerleeën, an deen sech d‘Gäscht mam Numm Adress an Telefonsnummer sollten androen, esou ass dee Punkt ewell zeréckgezu ginn. Net nëmmen datt ee festgestallt huet, datt esou eng Datesammlung „ëmständlech“ ass, si kënne guer net genotzt ginn, esou de Mars.

Abrëll

An tatsächlech: de Gesetzestext stellt kloer, datt eenzeg d‘Donnéeë vun de Risiko-Kontakter un déi sanitär Autoritéiten dierfe weidergeleet ginn, betount de Sven Clement (Piraten), deem och dru geleeën ass datt den Horesca-Secteur nees dierf seng Aktivitéiten ophuelen. Dat alles misst awer am Respekt vun de Gesetzer geschéien, a beim Dateschutz léist den engagéierte Politiker sech kee Bier opbannen. Laut dem Text si just déi Persoune betraff, déi enke Kontakt ouni Ofstand a Mask haten.

De Regëster ass also vum Dësch, d‘Amendementer goufen ugeholl. Elo läit d‘Gesetz nees beim Staatsrot, dee jo och säin Avis muss ofginn. Ass dat gemaach, kann d‘Kommissioun muer oder en Donneschdeg de Rapport unhuelen. De Vott an der Chamber géif dann en Donneschdeg, vläicht eréischt ee Freideg geholl ginn. All déi aner bestoend Restriktioune bleiwe gülteg bis de 25. Abrëll.

Et hunn der Méi eppes ze soen

Betreffend d‘Gesetz mat sengen Amendementer, esou huet och d‘Mënscherechtskommissioun CCDH en Avis. Déi awer stellt fest net an der Lag ze sinn ze jugéieren, ob déi epidemiologesch Situatioun déi geplangte Reouverture, wa wuel och nëmme partiell, de Risk zouléisst. Si gëtt ze bedenken, datt Etablissementer mat groussen Terrasse kloer am Virdeel sinn, an et wuel net iwwerall wirtschaftlech dierft sinn, dës jo awer staark begrenzten Ouverture op sech ze huelen.

Säitens dem medezinnesche Kolléisch gëtt engersäits begréisst, datt en Effort gemaach gëtt, fir de Leit nees eppes Gläichgewiicht am Liewen unzebidden, anersäits huet ee sech dach iwwerrascht gewisen, datt d‘Reegel soll vu moies 6 bis nomëttes 18 Auer gëlle soll. Si weisen drop hin, datt de leschte Weekend nees un der Auer gefréckelt gouf. Et wier moies wuel nach eppes däischter…

Dat ënnerscheet de Wëssenschaftler vum Politiker: als Dokter kennt een eben d‘Zesummenhäng an et weess een, datt wann un der Auer gedréit gëtt, gewësse Parameter sech änneren. Si géifen dofir proposéieren, datt ee sech bei den Auerzäiten op 7 bis 19 Auer bezitt. Dat wier engersäits net nëmme logesch, mee d‘Salariéeë missten net matten an der Nuecht op d‘Schaff. Anersäits ass et nees lackeleg, moies an der Däischtert op ee Café-Croissant zeréckgräifen ze dierfen…

Illustratioun: suju / pixabay

Related topics 7. Abrëll, Amendement, Covid19-Gesetz, Gesondheetskommissioun, Horesca-Secteur, Terrassen
Next post Previous post