Search

You may also like

surprise
Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen
International Neiegkeeten

Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen

D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do

VC Belair och beim Nodrosmatch feelerfräi
International Neiegkeeten

VC Belair och beim Nodrosmatch feelerfräi

Dem Michael Begemann seng Jonge vum VC Belair waren um

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
International Neiegkeeten

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

Wéi Covid19 a Frankräich…

Bei eisen Nopere ginn d‘Infektiounszuelen nees duerch de Plafong, trotz strenge Moossnamen

Wéi Covid19 a Frankräich…

Eleng um Freideg goufen a Frankräich bannent 24 Stonne ronn 42.000 Neiinfektioune gemellt. Hei läit d‘Inzidenz, bemooss op 7 Deeg, stramm iwwer 300:100.000. Trotzdeem gëtt net dat ganzt Land confinéiert, et gëtt sech op regional Moossname beruff.

Frankräich

Dat schéngt dann och déi Strategie ze sinn: sech vu Woch zu Woch mat regionale Confinementer duerch d‘Kris schloen. Do wou d‘Mesuren aschloen, sinn se däitlech ze spieren. An esou gëllen den Ament fir 20 Millioune Fransouse streng Oplagen. Gewinnt haart getraff ass Paräis inklusiv dem ganzen Anzuchsgebitt. Mee och gesamt Nordfrankräich an den Departement Rhône si staark betraff.

Wann d‘Schléissung vun de Geschäfter an d‘unhale vun allen net essentiellen Aktivitéiten, schonn zur „normaler Prozedur“ gehéiert, esou stéieren sech vill Bierger dorunner, sech just dierfe bannent engem 10 Kilometer-Radius bewegen ze dierfen. D‘Alternativ wier den haarde Lockdown mat strenge Virschrëfte gewiescht. E Wee deen d‘Regierung kuerz virun Ouschteren net aschloe wëll.

De franséische Gesondheetsminister Olivier Veran huet seng Landsleit erkläert, datt sech Covid19 ganz ënnerschiddlech am Land ausbreet, firwat sech zu geziilte a begrenzte Moossnamen entschloss gouf. Et ass wuel och net verkéiert ze kucken, wéi eng Mesure wou Sënn maachen. No engem Joer hunn d‘Leit es méi wéi sat, a wat net ersiichtlech ass, gëtt kaum nach vun de Bierger matgedroen.

Esou gëtt och weiderhi versicht de Schoulbetrib um lafen ze halen. Wärend am Secondaire op den alternéierte Präsenzunterrecht zeréckgegraff gëtt, soll de Primaire normal weiderlafen, dat awer och ënner strengen Oplagen. Späichel-Tester solle Flächendeckend agesat ginn, Klasse ginn elo beim 1. Fall, an net méi eréischt nom 3. positive Covid19-Fall „heemgeschéckt“, esou den Olivier Veran.

Wou sinn d‘Problemzonen?

Dee gréisste Problem, mat deem sech eis Noperen ausenanerzesetzen hunn, ass d‘Belaaschtung vum Gesondheetssystem. Op de 26. Mäerz goufen iwwer 47.000 Mënsche beotemt. Wann ee sech beim „Material“ nach ze hëllefe weess, esou feelt un allen Ecken um Fachpersonal. Eng Situatioun déi op héchstem Niveau fir zolidd Kappzerbrieches suergt. De President huet zu dësem Punkt gesot:

„Mir wäerten an den nächsten Deeg a Wochen nei Moossnamen ergräife mussen, Ech wëll iech awer trotzdeem eng Perspektiv ginn, eppes Hoffnung. Wéinst den Impfunge kënne mir eis Ziler erreechen, aus de Pandemie ze kommen“, esou den Emmanuel Macron. Domadder ass gewosst, d‘Impfcampagne gëtt och am Frankräich als deen eenzeg realistesche Wee aus der Kris gesinn.

Bal 7 Millioune Fransousen hunn zumindest déi éischt Dosis scho kritt an ab Abrëll soll nach emol eng Schëpp zougeluecht ginn. Nieft den Hausdokteren dierfen och d‘Apdikter Impfen, an ginn elo awer sougenannt „Vaccinodromen“ no US-Virbild ageriicht. An de Fussballstadione soll da mat Hëllef vun de Pompjeeën am grousse Stil geimpft ginn. D‘Fransouse schéngen dat ze begréissen.

mat indymedia/par

Foto: © Davyn Ben / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Frankräich, Infektiounszuelen, Lockdown
Next post Previous post