Wéi d‘Belsch déi „nei Well“ uginn

Covid19-Reegelen: Klammen d‘Infektiounszuelen, erhéicht de Staat d‘Repressioun

Bezitt ee sech op d‘Zuele vun „Our World in Data“ (Stand 12.November), esou muss ee feststellen, datt eis belsch Noperen elo eng änlech schwiereg Situatioun Opweises hunn, wéi dat an Holland an deels esouguer an Däitschland (nach regional). D‘Regierung muss entspriechend handelen.

D‘Fransouse jiddefalls hu schonn op déi „verännert Sanitär Lag“ reagéiert a stelle Konditioune fir d‘Arees, wann een aus der Belsch kënnt. Einfach ausgedréckt: wien net voll geimpft ass, muss ee PCR-Test virweisen dee 24 Stonne virum Depart gemaach gouf. D‘Wirtschaft selwer soll awer net duerch bestrooft ginn. Wien op d‘Schaff fiert oder Wueren transportéiert ass net dovunner betraff.

Mee ausser de Camion- a Buschaufferen oder sonstege Frontalieren, wëll een am Hexagon kee Belsch gesinn, deen net vollstänneg geimpft ass. Et schéngt een also den Ament gutt beroden sech doheem ëmzekucken, woubäi… Wann d‘Infektiounszuelen nees zouhuelen, huelen och d‘Mesuren nees zou. Datt déi agehale ginn, dofir suerge Kontrollen. D‘Police ass dann och net zeréckhalend.

Fir emol ze gesi wéi dat ausgesäit, ass et interessant d‘Zuelen (Protokoll/Verbalisatioun) tëscht der Haaptstad Bréissel an enger méi „ländlecher Géigend“ ze vergläichen. Am Abrëll 2020, wärend der éischter Well an dem Confinement, goufen zu Bréissel 9.365 Protokoller erstallt (Rekord!) am November 2020 wollten déi Bréisseler et nach eng kéier wëssen, méi wéi 7.500 Protokoller waren awer net dran. 2021 hat jiddereen d‘Reegele verstanen: Juni (385), Juli (177) an August (288).

An der Provënz vu Lëtzebuerg – hei bezunn op déi méi touristesch Destinatiounen, fir ee besser verglach ze erméiglechen – hat et am Abrëll 2020 5.416 Protokoller. An eis Nopere schloen zolidd an de Portmonni, firwat aus liicht verständleche Grënn, och hei am éischten Trimester 2021 d‘Zuel vun de Verbalisatiounen erhieflech ofgeholl hunn. Vu Juni bis August, hat et just 863 Protokoller.

Wann ee sécherlech sollt dierfen dovunner ausgoen, datt mat der Reprise vun den Infektiounszuele méi Kontrolle stattfanne wäerten, a folgerichteg och méi Protokoller wäerten erstallt ginn, esou ass awer schonn notabel, datt esouwuel d‘Impfstrategie wéi d‘Reglementéierung hir Friichten droen. Et ass a bleift evident, datt d‘Impfung – bei aller Kritik an allem Gemeckers – déi besser Léisung ass.

mat indymedia/bru

Grafik vun Our Word In Data (CC)

Dernières nouvelles