Wéi een sech zu Russland verhale soll

Duerch déi ënnerschiddlech Militäroperatioune vu Russland géint d’Ukrain recommandéiert déi Lëtzebuerger Regierung hire Bierger de Moment dréngend vu Reesen a Russland of.

An dësem Kontext si Fluchverbindungen zu Russland staark betraff. Vill Fluchhafen – och an der Géigend vun der Ukrain sinn zou.

Memberstaaten vun der Europäescher Unioun hunn de Fluchverkéier fir russesch Fligeren a Gesellschaften gespaart.

Duerch déi Aschränkungen, déi tëscht Russland an Europa entstinn, besteet dofir d’Gefor a Russland festzesëtzen. Dëse Risiko kann net nëmme finanziell, mee och gesondheetlech Folgen hunn. Et kéinte Problemer mam Konsulat entstoen.

Och europäesch Bezuelkaarten kéinte vun dëse Mesurë betraff sinn. Dofir gëtt dréngend geroden, Boergeld bei sech ze hunn.

D’Regierung fuerdert Lëtzebuerger Staatsbierger op, besonnesch opzepassen. Haalt iech iwwert d’Entwécklungen um Courant a probéiert Mënschemassen ze vermeiden. Dës weideren ass et streng verbuede militäresch Ausrüstung oder Ariichtungen ze filmen.

Dernières nouvelles