Search

You may also like

Bofferding „BIO“ – Natierlech wäert am längsten
Neiegkeeten

Bofferding „BIO“ – Natierlech wäert am längsten

Kuerz virum Summer huet déi renomméiert Käerjenger Brauerei „Brasserie Nationale“

money
D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen
Neiegkeeten

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

Déi zu Lëtzebuerg usässeg europäesch Satellittenagence SES huet an engem

„Clin d’oeil du médecin“ – D’Foto-Ausstellung vun Dokteren
Neiegkeeten

„Clin d’oeil du médecin“ – D’Foto-Ausstellung vun Dokteren

Gëschter huet um Knuedler de Vernissage vun der Foto-Ausstellung „Clin

Wéi et de Syvicol gesäit

Wéi et de Syvicol gesäit

Mat der, wéinst dem Asaz vu private Sécherheetsfirmaen duerch d‘Stied a Gemengen, entstanener Kakophonie, huet de Syvicol elo och Stellung bezunn. Eng begréissenswäert Initiativ oder just eng Niwwelkäerz?

Fänke mir emol domadder un kloer ze stellen, datt den Asaz vu private Sécherheetsfirmae vun de Stied a Gemenge weder nei nach onsënneg ass. Virun allem bei de ville Veranstaltungen an den ëffentlechen Evenementer, ob Schueberfouer, Chrëschtmäert oder Concerten (Blues Express, Rock um Knuedler, asw.) gehéieren si zum Programm an dogéint huet kaum een eppes anzewennen.

Zu Déifferdeng ginn se säit elo gutt 18 Méint och am ëffentleche Raum agesat, mee et war déi vun der Stad Lëtzebuerg getraffen Entscheedung, elo Patrullen am Garer Quartier anzesetzen, fir den Awunner ee bessert Sécherheetsgefill ze vermëttelen, déi ee Stuerm vun der Entrëschtung ausgeléist a vill Froen am Bezuch op déi gesetzlech Grondlagen opgeworf huet. Näischt maache geet awer och net, firwat déi vum Syvicol virgeluechte Stellungnam, eng Rei wichteg Punkten opgräift an erkläert.

An esou stellt och de Syndikat vun de Stied an de Gemengen aleedend fest, datt et eng allgemeng Praxis ass, bei kulturellen, festlechen an sportleche Veranstaltungen op esou Sécherheetsfirmaen zréckzegräifen. Et kéim zudeem sporadesch fir, datt d‘Stied an d‘Gemengen esou Entreprise géife Missiounen zur Iwwerwaachung an Ofsécherung op hiren Terrainen zoudroen. Dat huet ee Grond.

Et ass ee sech jo eens doriwwer, datt d‘Stied an d‘Gemengen den Optrag hunn, d‘Sécherheet vun de Bierger op hiren Territoiren ze assuréieren. Mee d‘Sécherung vun der ëffentlecher Uerdnung ass net nëmmen eng „Missioun“. Et ass och eng moralesch Flicht vun de Verantwortlechen, op dat Gefill vun Onsécherheet, datt vun de Bierger ausgedréckt gëtt, ze reagéieren. Zudeem spillt hei och déi vun der Verfassung garantéiert Gemengenautonomie eng Roll. A jo, dat ass wierklech net einfach.

Eng gesellschaftlech Erausfuerderung

Beim Syvicol hunn se dann opgrond der entstanener Polemik nach emol méi genee higekuckt a consultéiert. D‘Suerg vun der ëffentlecher Sécherheet ass a ville Gemenge present. An déi agéieren och eenzeg am Kader vun den hinnen operluechte legale Kompetenzen, andeems si hir Muecht als „generell administrativ Police“ ausüben. D‘Kompetenze vun der Police ginn net a Fro gestallt.

De Syvicol ass dann och dem Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, net béis, datt dësen de laangfristegen Asaz vu private Sécherheetsfirmaen net als Léisung gesäit, fuerdert awer datt dann d‘Police muss konsequent verstäerkt ginn. Bis et esouwäit ass, soll ee „Kader“ bezunn op déi de private Sécherheetsbeamten uvertraute Missiounen definéiert ginn. Am Raum steet nach d‘Propose vum Minister, de kommunalen Agenten, déi assermentéiert sinn, méi Kompetenzen ze ginn.

Wéi ee gesäit dierft et villes ginn, wat de Minister net eleng mat der Inneministesch ze beroden huet, mee wou dëse wuel och d‘Vertrieder vum Syvicol kläre muss. Déi ëffentlech Sécherheet soll schliisslech am generellen Interessi gewoort bleiwen. Den Ament gëtt et dofir bedauerlecherweis wéineg Alternativen zu de private Sécherheetsfirmaen, egal vu wéi engem Standpunkt een ausgeet.

Illustratioun: © Marten Newhall / unsplash

Related topics ëffentleche Raum, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Onsécherheet, Police, privat Sécherheetsfirmaen, schwaarz Sheriffer, Syvicol
Next post Previous post