Search

You may also like

Pierre Nimax Sen.: Wäertvoll Wierker an Dokumenter krut de CEDOM vermaach
Neiegkeeten

Pierre Nimax Sen.: Wäertvoll Wierker an Dokumenter krut de CEDOM vermaach

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) engagéiert sech net nëmme fir d’Literatur, mee

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf
Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg iwwerreecht Präis vum Tour du Duerf

Während der europäescher Mobilitéitswoch am September, an am Kader vum

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 19. Januar 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 19. Januar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Campagne „Wéi geet et?“

D‘Beamte vum kommunalen ëffentlechen Déngscht sollen sech elo mat de psychosoziale Risike bannent der Fonction Publique familiariséieren

Campagne „Wéi geet et?“

Ee Méindeg hunn d‘Taina Bofferding (Inneministère) an de Marc Hansen (Fonction Publique) déi nei Campagne „Wéi geet et?“ lancéiert. Dat a Presenz vum FGFC-President Marco Thomé, dem Mareike Bönigk (Chef vum psychosozialen Déngscht vun der Fonction Publique -SPS) an dem Syvicol-President Emile Eicher.

De Minister Hansen huet betount, datt dës Campagne op Initiativ vun der Gewerkschaft FGFC, mat der Ënnerstëtzung vum SPS gestart gëtt. Et hätt eng exzellent Zesummenaarbecht tëscht allen an dësem Projet engagéierten Acteure ginn, wat et méiglech mécht, dës Campagne dem Ensembel vun de Fonctionnaire am kommunalen Déngscht zoukommen ze loossen. Et ass jo och eppes Wichteges.

Esou gouf nach emol drop higewisen, datt et immens wichteg ass, datt ee sech emol selwer mat senger mentaler Gesondheet ausenanersetzt, mee natierlech och mat därer vun de Kolleegen. Et gouf nach emol den Interêt vun der Preventioun ervirgehuewen an drop higewisen, datt mir all kéinte betraff sinn. Et gouf net gesot, datt et keng Hëllef a virun allem keng Doktere méi gëtt…

Fir den FGFC-President war et wichteg drop hinzeweisen, datt wann den haitege Rôle vun enger Gewerkschaft deen ass, d‘Acquise vun der Rechter fir seng Memberen ze schützen, dëse Rôle zukünfteg wesentlech manner proaktiv wäert sinn. Eng Gewerkschaft misst de gesellschaftlechen Evolutioune Rechnung droen an d‘Entwécklung antizipéieren. Dofir elo also dës Campagne.

Tabuthemen

Mat der Campagne „Wéi geet et?“ wëll d‘FGFC säi Beitrag leeschten an déi Problemer am Kader vun der mentaler Gesondheet enttabuiséieren, dat iwwert den Ëmwee vun enger Zesummenaarbecht mam SPS. Wéi gesot, et feelt dem Land hannen a vir u Fachpersonal, besonnesch dësem Beräich, firwat et wuel noutwenneg ass, sech selwer ze këmmeren. Wat kann een da konkret maachen?

Engersäits droen d‘Campagnen derzou bäi, datt deen een oder anere méi sensibiliséiert gëtt an sech fir eng vun de Formatioune begeeschtere léist, déi esouwuel dem Gemengepersonal, de Personal-Delegéierten, wéi och de Beschäftegte vun der FGFC wäerten ugebuede ginn. An de Programm ass zimmlech breet, also „ëmfänglech“, gestreet. Woubäi et ass een jo en „connaissance de cause“.

Hannert dem Konzept stécht de Benoît Billo, deen d‘Campagne dann och eppes méi detailléiert virgestallt huet. Si deckt aacht Haaptthemen of:

  • den Alkohol a seng Addictioun;
  • Ängschten;
  • Aarbechtsbelaaschtung;
  • Depressioun;
  • Harcèlement;
  • Konflikter;
  • d‘Suerg ëm ee Mataarbechter;
  • Stress.

D‘Campagne gëtt iwwer verschidde Supporten ugebueden, esou och digital. D‘Campagne selwer huet eng eegen Internetsäit: www.wei-geet-et.lu. Och um Site un der FGFC (www.fgfc.lu) huet et elo eng Rubrik „Soutien Psy“. D‘Mareike Bönigk, huet hirersäits nach emol op d‘Preventioun verwisen an erënnert, datt déi mental Gesondheet eis alleguerten eppes ugeet, an och betrëfft.

Den SPS, deen all d‘Beamten, op déi vum Staat oder de Gemengen, betreit gouf 2016 gegrënnt. Hei schaffe sechs Psychologen/Psychotherapeuten. Dës hunn 2020 iwwer dausend Interventiounen (soutien psychologique individuel) getätegt. Den SPS huet 22 mol intervenéiert fir Ekippen ze begleeden; dovunner 18 mol zur Konfliktléisung a véier zur Mediatioun an engem Konflikt.

Sech der Saach bewosst ginn

D‘Inneministesch huet nach emol op de Sënn an Zweck vun der Campagne verwisen. Et wier eng vun de Prioritéiten, datt d‘Beamten sech der Problematik vum moraleschen Harcèlement bewosst ginn, deen all Eenzele kann treffen. Jidderee huet d‘Recht op ee gesond Aarbechtsëmfeld, esou d‘Taina Bofferding. Villes vun der Campagne „Wéi geet et?“ géif sech dann och an der Reform vum Gemengegesetz erëmfanne loossen. Dat méi prezis an der Verbesserung vun de Kompetenze vun der Gestioun vun den humane Ressourcen. Eng Ressource déi net ganz esou erneierbar ass…

Fir de President vum Syvicol, ass dës Initiativ lueflech an hien erhofft sech Grousses vun der Campagne, wëssend, datt de Gemengen ëmmer méi Aarbechten operluecht ginn, an donieft de Bierger och esou seng Uspréch u eng kommunal Verwaltung huet. Den Emile Eicher stellt awer kloer, datt et net domadder wäert gedoe sinn ze froen: „Wéi geet et?“, mee een hei gehalen ass, d‘Äntwert vun der betraffener Persoun ze consideréieren. An esou huet och dës Campagne hiren Hoken… Alles an allem sollt ee begréissen, datt méi oppen iwwert „Problemer“ geschwat gëtt.

Foto: (vlnr) Emile Eicher, Syvicol-President; Marco Thomé, FGFC-President; Taina Bofferding, Inneministesch; Marc Hansen, Minister vun der Fonction Publique; Mareike Bönigk, SPS; Benoît Billo, Campaigner FGFC. © MFP

Related topics Campagne, FGFC, Inneministère, Ministère vun der Fonction Publique, SPS, Syvicol, Wéi geet et?
Next post Previous post