Search

You may also like

15. – 16. Juni: Useldeng am Mëttelalter
Neiegkeeten

15. – 16. Juni: Useldeng am Mëttelalter

Wéi all Joers Mëtt Juni versammele sech Ritter, Gaukler a

Wann eis de Bësch verluer geet
Neiegkeeten

Wann eis de Bësch verluer geet

No Schätzungen, déi um Méindeg vu Global Forest Watch (GFW)

All Kontakt ass een ze vill!
Neiegkeeten

All Kontakt ass een ze vill!

Déi vum Bundeskanzler Sebastian Kurz um Samschdeg ugekënnegt drastesch Moossnamen,

Wéi geféierlech sinn eis jonk Matbierger?

Wéi geféierlech sinn eis jonk Matbierger?

Bei der APESS, dem Beruffsverband vun den Enseignante fir de Secondaire an Héichschoulen, ass bezunn op de Rapport vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet, eppes verwonnert. Am Bericht ass ënnert dem Volet „Gewalt géint Persounen duerch Mannerjäreger“ ze liesen, datt d‘Entwécklung stabil ass. D‘Zuelen esou d‘APESS, loossen en anere Schluss zou.

Schonn a senger parlamentarescher Fro 3588 aus dem Februar, wollt den ADR-Deputéierte vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox wëssen, wéi d‘Situatioun betreffend d‘Gewalt vu Jugendlechen zu Lëtzebuerg ausgesäit. Grond zur Fro, hat den Dout vun engem jonke Mann zu Bouneweg ginn. Den Deputéierte wollt och wëssen op en Zesummenhang mat der Pandemie gëtt.

A senger Äntwert hat de Minister drop higewisen, datt d‘Infraktiounen an de leschte véier Joer änlech bliwwe wieren, een awer och d‘Donkelziffer – déi ass jo dann net bekannt – muss an dësem Kontext berécksiichtegen. Am Pandemiejoer 2020 hu sech d‘Geriichter zu Lëtzebuerg mat 24 Fäll vu Kierperverletzung beschäftegt. Zuelen déi wäit iwwert deene vun de Virjoer geleeë sinn.

D‘Unzuel vun den disziplinäre Sanktiounen déi vun de Schoule verhaange ginn, si mat 41 fir d‘Schouljoer 2017/18; 58 fir d‘Schouljoer 2018/19 a 44 fir d‘Schouljoer 2019/20 eenegermoosse stabil. Fir dat lafend Schouljoer (an ënner Berécksiichtegung vun de Schoulschléissungen) waren et op den 18. Mäerz 13 Disziplinarverfaren, déi ze notéiere sinn. Och hei ass d‘Lag „stabil“.

Säitens der APESS gëtt dann awer nach emol ënnerstrach, datt wa villes „hannert dem Rideau“ bleift, et reegelméisseg Virfäll huet. Et wiere wuel sougenannt Eenzelfäll, an et kéint een net vu Bandekriminalitéit schwätzen, mee d‘Enseignante fillen sech, eleng gelooss. Besonnesch och dann, wa Schüler déi eng „komme gelooss hunn“ an d‘Schoul wiesselen, ouni dat Bescheed gesot gëtt.

Datt et och am Kontext vun der Gewaltpreventioun an de Schoulen net zum beschte steet, dat ass och keng nei Erkenntnis. Ugesiichts de sech verännerende Konditiounen, sollt een hei awer nees aktiv ginn. D‘Pandemie huet och hir Spueren an de Käpp vun de Jonken hannerlooss, an sech just bécke fir d‘Schierbelen opzerafen, dat wier erwisenermoossen, déi falsch Approche…

Illustratioun: Wat mécht Gewalt esou „unzéiend“ a firwat kritt d‘Gesellschaft se net an de Grëff? Froen op déi jidderee seng eegen Äntwert huet… © Nathan Costa / unsplash

Annex: Eng ganz interessant Aarbecht vun de Schüler aus dem Lycée Ermesinde, Miersch

Related topics adr, APESS, Gewalt, Henri Kox, Jugend, Police, Schüler
Next post Previous post