Search

You may also like

Schlecht Noriichten aus dem Gulag
International Neiegkeeten

Schlecht Noriichten aus dem Gulag

D‘Ëmstänn, d‘Grënn an déi ganz Chronologie, betreffend de politeschen Theater

D‘Verdeelung vu gratis Antigen-Tester gëtt verlängert
International Neiegkeeten

D‘Verdeelung vu gratis Antigen-Tester gëtt verlängert

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert d‘Ëffentlechkeet, datt d‘Verdeelung vun de Bonge fir

Dem Kanner-Jugendtelefon säi Bilan 2020 – Ab muer och Chatberodung méiglech
International Neiegkeeten

Dem Kanner-Jugendtelefon säi Bilan 2020 – Ab muer och Chatberodung méiglech

1 1 6 1 1 1 – Dat ass d’Nummer,

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?

Wéi soll Bréissel mam BoJo sengem Virschlag ëmgoen?

Fir den Ament ass just gewosst, datt dem Boris Johnson seng „Propose“ weder fir d‘EU, nach fir déi iresch Republik akzeptabel ass. Eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun huet verlaute gelooss, datt „misst nogebessert“ ginn, an d‘Experte ginn e Schratt méi wäit: „Op dëser Basis kann ee sech net eens ginn!“, woubäi datt déi iresch Regierung och esou gesäit.

De britesche Premierminister allerdéngs gesäit elo d‘EU-Kommissioun an der Flicht, a behaapt sech drop eng grouss Flexibilitéit demonstréiert ze hunn. Am House of Commons huet de Boris Johnson dann och kloer gemaach, datt et u Bréissel wier elo Zougeständnesser ze maachen. Wier dat esou net méiglech an géif d‘EU kee gudde Wëlle weisen, géif een den 31. Oktober ouni Accord goen.

BréisselEt gëtt hei am Fong nach ëmmer ëm den ëmstriddene „Backstopp“, deen d‘EU als Garantieklausel fir eng oppe Grenz tëscht der Republik Irland an der britescher Provënz Nordirland an den Accord agebaut huet, deen awer net vu London ugeholl gëtt. Dësen Artikel misst also aus dem Ofkommes gestrach ginn, wat bis ewell weder vun der EU-Kommissioun nach vun Irland akzeptéiert gëtt.

Dat komplizéiert Konstrukt datt de Boris Johnson elo als „Propose“ op den Dësch geluecht huet, fir eng sougenannt „physesch Grenz“ ze verhënneren, net awer d‘Douaneskontrollen, suergt bei der EU-Kommissioun fir Onverständnes. Besser ass de Passage, an deem virgesinn ass an Nordirland weider EU-Standarden unzewennen, wat der EU jo zum Schutz vum Bannemaart wichteg ass.

BréisselProblematesch hei dann awer – woubäi et dem demokratesche Prozess géif entspriechen – datt de Boris Johnson drop besteet, datt déi nordiresch Regionalregierung all véier Joer nei beschléisse soll, op dat esou ka weidergefouert ginn. Och dozou gëtt et Kritik, mee den ireschen Ausseminister Simon Coveney gesäit an der Propose vum Boris Johnson Usätz déi e Kompromëss erméiglechen.

Fir déi polnesch Vertriederin an der europäescher Brexit-Ekipp (Brexit Steering Group), Danuta Hübner, ass net virstellbar, datt d‘Europaparlament dësem Austrëttsofkommes esou zoustëmme kéinten. Et wier een awer nach ëmmer drun interesséiert, e Brexit mat engem Accord hinzekréien. Dat dierft sech elo awer schon zäitlech net méi opgoen, a konstruktiv Gespréicher geet et och keng.

BréisselWéi een et also nach bewierkstellege soll, bis zum EU-Sommet vum 17. an 18. Oktober zu engem Konsens ze fannen, léisst sech unhand den aktuelle Gespréicher net soen. Et ass allerdéngs och net dovunner auszegoen, datt de britesche Premierminister trotz „Gesetz“ zu Bréissel virstelleg gëtt fir eng weider Fristverlängerung unzefroen. Den haarde Brexit ass dem Ament net auszeschléissen.

mat indymedia/lon/bru/dub

Related topics Boris Johnson, Brexit, Brexit Steering Group, EU-Kommissioun, No Deal
Next post Previous post