Search

You may also like

dislike
Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun
Kultur Neiegkeeten

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur
Kultur Neiegkeeten

Gewerkschaftlech Dissonanzen am Finanzsecteur

Virun enger Woch huet d‘Gewerkschaft ALEBA mat vill Zefriddenheet bekannt

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert
Kultur Neiegkeeten

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert

„Nach emol gutt gaangen“ mussen sech d‘Salariéen an d‘Aarbechter vun

Esch-Uelzecht: Wéi wier et mat engem Picknick „in the City“?

Esch-Uelzecht: Wéi wier et mat engem Picknick „in the City“?

De ganze Summer iwwer organiséieren d‘Asbl Inter-Actions/Ensemble Quartiers Esch an de BIBSS (den Informatiounsbüro fir spezifesch Besoinen a Senioren) en urbane Picknick.

Hei hutt dir d‘Geleeënheet ee gemitterleche Moment mat ärer Famill a Frënn ze verbréngen. Vill brauch et net: bréngt eng Decken an eppes z‘iessen oder ze knabbere mat a profitéiert vun der flotter Ambiance déi de Kader vun der Brill-Plaz bitt. Begéint Mënschen aus alle Horizonter an allen Altersklassen.

Mir erwaarden iech zuelräich fir zesummen eng flott Mëttegstonn mat engem flotte musikaleschen Encadrement ze verbréngen.

Folgend Datumer goufe fir de Picknick festgehalen:

  • 24. Juli;
  • 7. August;
  • 21. August:
  • 4. September.

Weider Informatioune fannt dir op Facebook ënner „Events“ oder direkt op der Facebooksäit vum Service Égalité des Chances. Den Entrée ass selbstverständlech fräi.

Matgedeelt vum Service Égalité des Chances vun der Stad Esch, fräi aus franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Nathan Bang / unsplash

Related topics Asbl Inter-actions, BIBSS, Brillplaz, Esch-Uelzecht, Picknick, Service Égalité des Chances
Next post Previous post