Search

You may also like

Fir eng gerecht Impfcampagne: Sans-Abrie solle besseren Accès kréien
International Neiegkeeten

Fir eng gerecht Impfcampagne: Sans-Abrie solle besseren Accès kréien

D’Caritas Lëtzebuerg bezitt an engem Schreiwes Stellung zur nationaler Impfcampagne.

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe
International Neiegkeeten

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

Duerch Kuerzgeschicht vun „Das verräterische Herz“ misst de Schrëftsteller Edgar

Impeachment: Elo ass et eescht
International Neiegkeeten

Impeachment: Elo ass et eescht

D‘Demokraten hunn am Kongress d‘Majoritéit an esou war et dann

Weiblech Genitalverstümmelung – leider nach ëmmer eng Aktualitéit

An eng grave Verletzung vun de fundamentale Rechter

Weiblech Genitalverstümmelung – leider nach ëmmer eng Aktualitéit

Et ass onvirstellbar an traureg, datt weiblech Genitalverstümmelungen nach ëmmer stattfannen. International goufen si schonn als Mënscherechtsverletzungen unerkannt, mee leider ännert dat net vill. All Joer gi méi wéi 200 Millioune Fraen a 4 Millioune jonk Meedercher weltwäit dëser onmënschlecher Péng a Praxis ausgesat.

Zanter der Covid-19 Pandemie huet sech d’Situatioun drastesch verschlëmmert. Et gëtt geschat, datt ronn 2 Milliounen zousätzlech Meedercher dësem Risiko ausgesat ginn. Dëst “Ritual” ass eng schwéier Verletzung vun de fundamentale Rechter vu Fraen a Meedercher. Et ass eng Verletzung vun hirer kierperlecher a psychologescher Integritéit, hire Rechter op Sexualitéit, op Gesondheet, Gläichheet a Sécherheet. Dobäi ass d’Praktik net nëmme schmäerzhaft a verstéierend, d’Konsequenzen kënne fatal, jo souguer déidlech sinn!

Egal wou et praktizéiert gëtt, et ass en Ausdrock vun der Ongläichheet tëscht Meedercher a Fraen. Dat weiblecht Geschlecht gëtt enger systematescher Form vu Gewalt ausgesat. Fir den Internationalen Dag, deen de 6. Februar stattfonnt huet (an och dono), muss drun erënnert ginn, datt fir Lëtzebuerg esou ee schwéieren Agrëff net akzeptéiert gëtt – a scho guer net toleréiert däerf ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung ass besuergt iwwert d’Uechtung vun de Mënscherechter. Si investéieren an verstäerke hiren Kampf fir d’Präventioun a Bekämpfung vu geschlechtsspezifescher sou wéi haislecher Gewalt. Och setzen si sech fir d’Fërderung vun der Gläichstellung fir Fraen a Männer an. Dëst ass och eng Prioritéit fir Lëtzebuerg am Kader vu senger Kandidatur fir de Mënscherechtsrot fir d’Mandat 2022-2024.

Hier Moossnamen am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht an der humanitärer Hëllef, riichten sech no de Grondsätz a Wäerter vun enger feministescher Aussepolitik.

An dësem Kontext bleift Lëtzebuerg fest engagéiert fir déi sexuell a reproduktiv Gesondheet a Rechter vu Fraen a Meedercher ze promoten an ze verdeedegen. Dat huet et zu enger transversaler Prioritéit a senge bilateralen a multilaterale Programmer gemaach. A genee dofir ass dës onmënschlech Verstümmelung hei zu Lëtzebuerg verbueden.

Dofir huet eist Land ënner anerem duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018, déi spezifesch Kriminaliséierung vu weiblecher Genitalverstümmlung am Code penal agefouert. Duerch d’Istanbul-Konventioun ass et elo, déi éischt legal verbindlech Geschlechtskonventioun, déi Gewalt veruerteelt a verbitt.

Niewent der gesetzlecher Aarbecht schafft d’Regierung weider transversal an interministeriell zu dësem Thema. An dat duerch Reflexiouns- a Preventiounsaarbecht:

  • Eng Broschür mam Titel „NEE zur weiblech Genitalverstümmlung“ gouf erstallt;
  • D’Websäit violence.lu enthält an definéiert een Ofschnëtt iwwer verschidde Forme vu Gewalt. Ausserdeem bidden si Informatiounen zu Hëllefsleeschtungen un;
  • Lëtzebuerg bedeelegt sech un enger Studie vum Europäeschen Institut vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer zu enger Schätzung zu Fraen respektiv Meedercher, déi a Gefor kéinte sinn. Unhand vun dësem techneschen Dateblat kritt een eng allgemeng a prägnant Iwwersiicht iwwert d’Situatioun (besonnesch an Éisträich, Lëtzebuerg, Dänemark a Spuenien);
  • Et ginn Sensibiliséierungscampagnen zu der Istanbul-Konventioun zur Gewalt am Stot (an all Form) organiséiert.

Dës Gewalt, wéi all Form vu Gewalt, ass zerstéierend. Et muss ophalen. Si bekämpfen heescht och, Kraaft a Fäegkeete vu Meedercher a Frae fir hir Mënscherechter auszeüben sou wéi hiert Potenzial ze auszeschöpfen. Sou droe mir voll zu hirer Zukunft bäi. An dëse Kampf musse mir zesumme féieren.

Opmaacherbild: D’Mura Arabe (zweet vu riets) lieft mat senger Famill an Ethiopien. Säi Papp ënnerstëtzt de Kamp géint déi weiblech Genitalverstümmelung an huet seng Duechteren virun dësem Agrëff beschützt © Luca Zordan/UNFPA

Related topics Dout, Géint Mënscherechter, Gewalt, Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Istanbul-Konventioun, violence.lu, Weiblech Genitalverstümmelung
Next post Previous post