Search

You may also like

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee
Neiegkeeten

Fussball: De President vun der LFL geet senger Wee

An engem Pressecommuniqué deelt déi „Lëtzebojer Football Ligue“ mat, datt

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung
Neiegkeeten

Cargolux: eng nei transpazifesch Verbindung

Cargolux freet sech matdeelen ze dierfen, datt si elo och

Editorial: Musse Parteien am Wahlkampf respektvoll mateneen ëmgoen?
Neiegkeeten

Editorial: Musse Parteien am Wahlkampf respektvoll mateneen ëmgoen?

Et gëtt Saachen, do wonnert sech de Journalist an et

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vum Donneschdeg, den 27. Februar 2020 um 22:00 Auer bis e Freideg, den 28. Februar 2020 um 5:00 Auer an der Hollerecher Strooss mam Kran geschafft gëtt. Duerch de Chantier wäert a Richtung Rue Jean-Baptiste Merkels Sens Unique sinn.

Den Zirkuslatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg wäert sech ëm eng adequat Beschëlderung këmmeren. Wien den ëffentlechen Transport notzt, sollt op folgend Ännerungen oppasen:

  • Linn 1/125, 4 a 27: Ab der Route d’Esch ginn d’Busser iwwert d’Rue de la Déportatioun an d’Rue d’Alsace ëmgeleet.
  • D’Arrêten Assurances Sociales quai 2 (Linn4), wéi och Jean-Pierre Merkels a Fonderie (1/125, 4 a 7) a Richtung Gare entfalen.
    • Linn 1/125 a 27: Ersat gëtt duerch d’Haltestell Assurances Sociales Quai 3 (154, route d’Esch)
    • Linn 4: Ersat gëtt duerch den Arrêt Hollerich-Gare (Rue de la Déportation)
  • Linn 170: Depart ass um Arrêt Luxembourg Gare quai 104 (tëscht der Rue d’Épernay an der Rue du Commerce), deen den Arrêt Fonderie ersetzt.

Hollerecher Strooss

Sollten d’Wiederkonditiounen schlecht sinn, da ginn och d’Aarbechte verlängert. D’Stad Lëtzebuerg seet am viraus schonn alle Bierger an Notzer vum ëffentlechen Transport Merci fir hire Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Bus, Chantier, Hollerecher Strooss, Kranaarbechten, Linn 1/125, Linn 27, Linn 4, Rue d'Alsace, Rue de la Deportation, Rue Jean-Baptiste Merkels
Next post Previous post