Egypten veruerteelt 14 Männer wéinst anormale sexuelle Relatiounen
E Sonndeg huet e Geriicht vu Kairo 14 Männer, déi
E Sonndeg huet e Geriicht vu Kairo 14 Männer, déi
Nodeems elo aus dem Kulturministère de Gesetzprojet zum kulturelle Patrimoine
Dës Ukënnegung geet op een intensive bilateralen Austausch op verschiddenen Niveauen zeréck. De Minister ënnersträicht, datt een esou dozou bäidréit, déi schwéier Situatioun un eise Grenzen zu Däitschland ze entschäerfen. „D’Grenzkontrollen a virun allem d’Schléissunge stellen een immens déiwen Aschnëtt am alldeeglechen Zesummeliewe laanscht d’Grenz duer. D’Entscheedung vun der Bundesregierung ass ee weidere Schrëtt an déi richteg Richtung“, sou de Jean Asselborn.
Dobäi huet hie besonnesch d’Erliichterung vun de Baueren ervirgehuewen. Et wier net zoumuttbar, datt d’Landwirten laang a käschtespilleg Ëmweeër a Kaf huele mussen fir op hir Felder op der anerer Säit vun der Grenz ze kommen.
Duerch déi aktuell Grenzkontrollen kënnt et weiderhin zu kilometerlaange Stauen, déi ugespaant Stëmmung vun der Bevëlkerung klëmmt. „Dofir sollt et och weiderhin eist Zil bleiwen, zesummen op eng Ofschafung vun de Kontrollen un den Europäesche Bannegrenzen hinzewierken“, huet de Minister ofschléissend erkläert.
De Buergermeeschter Leon Gloden huet sech an dësem Kader mat engem Bréif un de Minister Asselborn geriicht.
Ville de Grevenmacher/Twitter
Opmaacherfoto: © Thomas Riegert (via Twitter)