Search

You may also like

Formel 1: Nach ëmmer ee Geldautomat fir Sponsoren
Auto Neiegkeeten

Formel 1: Nach ëmmer ee Geldautomat fir Sponsoren

D’Saisone kënne vergoen, ma och wa Reklamm fir Tubak an

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25
Auto Neiegkeeten

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue

Jemen um Rand vum Ënnergang
Auto Neiegkeeten

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!

Vitesse-Limitatioun: Weiderhi just 90 km/h op der A6 an A1!

Wéi d’Stroossebauverwaltung matgedeelt huet, soll d’Test-Phas vun der Vitesse-Limitatioun op 90 km/h op der Autobunn A6 an A1 nach bis d’Chrëschtvakanz verlängert ginn.

Fir zu Stousszäiten de Floss vum Verkéier ze optimiséieren duerften d’Automobilisten an enger éischter Test-Phas just nach eng Vitesse vun 90 km/h op den Autobunnen A6 an A1 un der belsch-lëtzebuergescher Grenz, sou wéi um Echangeur Kierchbierg fueren. Dës Moossnam, déi de 6. Mee presentéiert an den 3. Juni ëmgesat ginn ass, zielt allerdéngs net fir Feierdeeg a Schoulvakanzen.

Een éischte Bilan vun enger relativ kuerzer Test-Phas huet eng zouversiichtlech Situatioun opgewisen: De Verkéier soll wierklech méi flësseg gerullt sinn. Erkläre wëll d’Stroossebauverwaltung dëst Resultat duerch d’Harmoniséierung vum Verkéiersfloss, der Limitatioun u Changementer an der Reduktioun u plëtzleche Bremsmanöveren. Esou soll och d’Zäit, déi ee fir säin Trajet brauch an d’Accidenter, reduzéiert gi sinn.

Un dëse positive Resultater huet een elo Gefale fonnt a wëll soumat nach weider Donnéeë sammelen. D’Test-Phas ass op de genannte Stroossen bis op d’Chrëschtvakanz verlängert ginn. Ee konstruktive Bilan kann esou no den Analyse vun de Resultater Ufank 2020 verëffentlecht ginn.

Related topics 90 km/h, A1, A6, Kierchbierg, Sterpenech, Vitesse-Limitatioun
Next post Previous post