Search

You may also like

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De Gebuertsdag vum gefréissege Garfield!

Dës Kaz ass gefréisseg, déck an ëmmer op der Sich

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf
Kultur Neiegkeeten

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf

Et ass ee Film iwwert d’Evolutioun vun der Emanzipatioun vun

Wa sech Verwaltungen net u Gesetzer halen
Kultur Neiegkeeten

Wa sech Verwaltungen net u Gesetzer halen

Ee Beamten huet ëmmer Recht, wëll hie sech Strikt un

Den „Helles“ vun der Weihenstephan Brauerei… Och ouni Prozenter en echte Genoss

Den „Helles“ vun der Weihenstephan Brauerei… Och ouni Prozenter en echte Genoss

Nom „schwaarze Rauen“ aus dem Këppwald, deen „harmlose blonden“ aus Bayern. Kléngt no engem Broch mat de Geflogenheete vum artisanale Béieradventskalenner, géif awer esou net wierklech zoutreffen. Zum enge wëll d‘Geschicht vun der Weihenstephan Brauerei scho 725 ufänkt, an zum aneren, et net wierklech en artisanalen ouni Alkohol huet, deen esou schmaacht.

Importateur zu Lëtzebuerg ass deen zanter elo bal zwee Joerzéngten am Gedrénkshandel tätege Familljebetrib Ruppert (Drinks & More), an déi verstinn net nëmmen hiert Geschäft, mee och genuch vu Béier. A well 2020 ee ganz drolegt Joer ass, gouf sech fir dëse Kalenner bei engem seriéise Betrib ëmgekuckt, nom Motto: „Denk global, agéier lokal“. An den „Helles“ ass gutt.

Et ass vläicht eppes gewot, sech aus dem Assortiment vun der eelster Brauerei op der Welt en alkoholfräien auszesichen, woubäi dësen „Original Helles“ aus der bayrescher Staatsbrauerei, engem schonn ee laachen an Gesicht zaubere kann. Hien ass bekëmmlech (eng Fläsch dat sinn ënner 50 Kalorien) ass mat feinstem Barley-Malz (Geescht) an engem liichten Happ gebraut.

Dat Béier esou ganz ouni Alkohol fir deen een oder anere kee richtege Béier ass, dat muss ee respektéieren, et dierf een awer drop hiweisen, datt an dësem Fall scho bis zu 0,5% Alkohol an der Fläsch kënnen enthale sinn. Dës kleng Grëtz, ass dat wat iwwreg bleift, wann dem Béier mat 11,6% Stammwierz den Alkohol entzu gëtt. Hie gouf och 2018 mat enger Bronzemedail ausgezeechent.

De Weihenstephaner „Helles“ ass streng geholl ee „Lager“, wat jo esou gesinn och zu Bayern passt. Hien zeechent sech haus duerch ee ganz hellen a liichte Kierper, eng zortentypesch Kappnout mee eng eppes volatil Schaumkroun. Fir de Genoss sollt een hien net méi waarm wéi 6°C op den Dësch stellen. Dësen Alkoholfräi passt zu jonk an al, a schmaacht den Dammen an Häre gläichermoossen.

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Alkoholfräi, artisanale Béier, Béieradventskalenner, Eelste Brauerei op der Welt, La Punta, Lager, Original Helles, Ruppert, Weihenstephaner
Next post Previous post