Wéini sinn d’Kaliumjodpëllen anzehuelen?

An dëse leschten Deeg, hu vill verzweiwelt Bierger versicht an den Apdikten esouwéi an de Gemengen Kaliumjodpëlle ze kréien.

An dësem Zesummenhang erënnert d’Santé drun, datt d’Anhuele vun dëse Kaliumjodpëlle nëmmen bei engem Accident an engem Atomkraaftwierk an op ausdrécklechen Uerder ze huelen ass. Wann d’Tablett zur richteger Zäit ageholl gëtt, kann d’Opnam vu radioaktivem Jod-131 verréngert oder esouguer verhënnert ginn. Esou eng Moossnam kann jee no Accident a Wieder bei Entfernunge bis zu 10 Kilometer erfuerderlech sinn.

Bei aneren Zenarien an Entfernungen, bidden dës Kaliumjodpëlle keen Schutz.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles