Search

You may also like

Och de Sportsministère mellt sech zu Wuert
Neiegkeeten

Och de Sportsministère mellt sech zu Wuert

Nodeems den Educatiounsminister Claude Meisch gëschter Homeschooling bis no der

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)
Neiegkeeten

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)

Um Freidegmuere war de President vun der COPAS – dat

Europäesch Impfziler gi verfeelt
Neiegkeeten

Europäesch Impfziler gi verfeelt

D‘Kommunikatioun säitens der EU-Kommissioun ass mindestens esou problematesch, wéi déi

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Romain Schneider verhänkt e Verbuet fir 3 Méint

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange Waardezäite beim Déierentransport virzegoen, huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider e Verbuet vun Déierenexporter, déi vu Lëtzebuerg a Richtung Tierkei geduecht sinn, ausgeschwat. D’Pirate froen dergéint, wéi eescht d’Regierung et mam Déiereschutz hëlt.

Fir Juli, August a September 2019 sollt dëse Verbuet virleefeg gëllen. Virun allem déi enorm Hëtzt huet zu dëser Decisioun bäigedroen. Déi lieweg Déieren, déi um Wee fir an d’Tierkei sinn, mussen an der Reegel laang Waardezäiten iwwert sech ergoe loossen.

Wärend där genannter Period gi keng Certificaten vun der Veterinärsadministratioun fir dësen Transport verginn.

Mat dësem Verbuet wëll de Romain Schneider en Zeeche fir d’Wuelergoe vum Déier setzen.

De Pirate geet dat net duer

An dësem Kontext hunn d’Piraten, a Persoun vum Marc Goergen, eng dréngend parlamentaresch Fro deposéiert. Dobäi gëtt gefrot, wéi eescht d’Regierung den Déiereschutz hëlt.

Wéinst der Hëtztwell, déi momentan grouss Deeler vun Europa am Grëff huet, si vill Déierentransporter net an der Lag, d’Konditioune vun engem aartgerechten Transport ze erfëllen, sou wéi en an der Annex 1 vum EU-Reglement 1/2005 virgesinn ass, esou d’Piraten. Aus dësem Grond huet beispillsweis de franséische Landwirtschaftsminister all d’Déierentransporter op franséischem Buedem suspendéiert, bis datt d’Temperaturen sech erëm an engem akzeptabele Beräich befannen.

Ënner anerem freet de Marc Goergen, ob et, ähnlech wéi dann elo a Frankräich, en zäitlecht Verbuet op lëtzebuergeschem Terrain wäert ginn.

Opmaacherfoto: © BonsaiTruck

Related topics Déieren, Déierenexport, Deierentransport, Marc Goergen, Piraten, Romain Schneider, Verbuet
Next post Previous post